De Bilan vun den Doudesaffer kéint nach weider klammen: aus verschidde Gebitter, déi vun der Baussewelt ofgeschnidde sinn, léichen nach keng Informatioune vir. D‘Biewen hat eng Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala.
19 Lëtzebuerger Scoute vun der FNEL sinn den Ament am Nepal. Hinne géif et gutt goen, mellt RTL no engem Interview mam Claude Kayser vun der FNEL. Si wiere wärend dem Biewen nach zu Kathmandu gewiescht, eng 500 Kilometer vum Epizenter ewech. An der Haaptstad wier just de Stroum kuerz ausgefall gewiescht.