Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schwäiz annoncéiert Hëllef un d'Ukrain fir Minnen ewechzeraumen

Trotz Neutralitéit

Schwäiz annoncéiert Hëllef un d'Ukrain fir Minnen ewechzeraumen

Déi neutral Schwäiz wëll der Ukrain beim Ewechraume vu Minne finanziell ënnert d‘Äerm gräifen, an e Véierel vum néidege Budget iwwerhuelen. Dat huet de Schwäizer Ausseminister annoncéiert.

auto_stories

1 min

Konkret wëll d'Schwäiz 100 Milliounen Dollar, vun den néidege 400 Millioune bezuelen. Groussflächeg kann awer eréischt mat där Aarbecht ugefaange ginn, wann d'Gefechter eriwwer sinn.

D‘Schwäiz gouf international kritiséiert, well se och am Kontext vum russeschen Ugëeffskrich op d‘Ukrain, op hir Neutralitéit pocht.