Radioen

On air

Notturno  |  Tobias Jesso Jr. - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schwäiz: Referendum iwwer Pensiounsalter an 13. Mount bei Pensiounen

Europa

Schwäiz: Referendum iwwer Pensiounsalter an 13. Mount bei Pensiounen

An der Schwäiz sinn haut zwee Referenden zum Theema Pensioun. Engersäits soll d‘Vollek iwwer en 13. Mount bei de Pensiounen decidéieren. Dat ass eng Initiativ vun de Gewerkschaften.

auto_stories

1 min

Schwäiz | ©  Claudio Schwarz / Unsplash
Schwäiz (Foto: Claudio Schwarz / Unsplash)

Si argumentéieren, datt an der Schwäiz vill Leit net iwwert d‘Ronne kommen. Am Ufank war d‘Zoustëmmung zu dëser Iddi grouss, si ass an de leschten Deeg awer gebréckelt, well vill Leit fannen, dat wier net ze bezuelen.

Da gëtt och iwwert d‘Erhéijung vum Rentenalter ofgestëmmt. Op Initiativ vun de jonke schwäizer Liberalen. Vun 2033 u sollen d‘Leit eréischt mat 66 Joer an d‘Pensioun goen, esou d‘Iddi. Duerno soll de Rentenalter un déi allgemeng Liewenserwaardung ugepasst ginn. Ëmfroe soen, datt déi Iddi awer haut net wäert duerchkommen.