Radioen

On air

Arty Party  |  Enslaved - As Fire Swept Clean The Earth

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schuedensersatz-Fuerderunge vu russeschem Oligarch: Lëtzebuergesch Regierung reagéiert

14,6 Milliarden Euro Schuedensersatz

Schuedensersatz-Fuerderunge vu russeschem Oligarch: Lëtzebuergesch Regierung reagéiert

D‘Lëtzebuerg Regierung reagéiert op eis Nofro hin op d‘Schuedenersatz Fuerderung vum russeschen Oligarch Michail Fridman. Gëschter hat Moskauer Wirtschaftszeitung „Wedomosti“ geschriwwen, de Michail Fridman géif vun der Lëtzebuerger Regierung 14,6 Milliarden Euro Schuedenersatz fuerderen.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Dat well Lëtzebuerg säi Verméige wéinst de Sanktioune géint Russland, agefruer hat.

An enger schrëftlecher Reaktioun déi 100,7 vum Lëtzebuerger Ausseministère gemailt krut heescht et. D’Demande vum Michail Fridman wier der Lëtzebuerger Regierung bekannt, mee et wier momentan keng procédure judiciaire en cours.

Lëtzebuerg géif als EU-Memberstaat d’EU-Sanktiounen applizéieren. Weider Aussoe kéint d‘Regierung zu dësem Sujet den Ament net maachen.

Am Abrëll hat d‘EU-Geriicht um Kierchbierg d‘Sanktioune géint déi zwee russesch Oligarchen, Michail Fridman a säi Geschäftspartner Pjotr Awen opgehuewen. Dat well et dem Geriicht no, net genuch Beweiser géife ginn, fir si op d‘schwaarz Lëscht ze setzen.

Et géifen zwar Kontakter zum russesche President Putin ginn, mee dat géif net duergoen, fir ze beweisen, dass si och Mesure géifen ënnerstëtzen, déi d‘Ukrain bedroen.