Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schëss zu München: Verdächteg Persoun déi ugeschoss gouf ass dout

Däitschland

Schëss zu München: Verdächteg Persoun déi ugeschoss gouf ass dout

Zu Münche gouf et de Moien ee gréissere Policeasaz. An der Géigend vum NS-Dokumentatiounszenter a vum israeelesche Konsulat ware Schëss gefall. D'Police huet op déi verdächteg Persoun geschoss, dës ass spéider un hire Verletzunge gestuerwen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Simon Sachseder

Dat deelt de bayreschen Inneminister Joachim Herrmann mat. Déi verdächteg Persoun soll eng Waff bei sech gehat hunn. D‘Identitéit vum arméierte Mann, deen an ee Schosswiessel mat der Police verwéckelt war, ass nach ongewëss. Aktuell ginn et keng Indicen op weider verdächteg Persounen. Och ass nach onkloer, ob et weider Blesséierter ginn.

De Beräich am Stadzentrum gouf groussraimeg ofgespaart an d‘Police war mat Helikopteren am Asaz.

Dem bayreschen Inneminister Joachim Herrmann no war d’Attack den Donneschdeg de Moien am Zentrum vu München wahrscheinlech en Attentat op d’israelescht Generalkonsulat. Do war et jo zu enger Schéisserei komm, an där hirem Verlaf den Ugräifer, een Éisträicher vun 18 Joer, erschoss gouf, sou d’Poliss. De jonke Mann hat kuerz virdrun an där Géigend ugefaange mat schéissen. D’Police hat doropshin op de Mann geschoss an hien déidlech blesséiert. Haut ass iwwregens den 52. Joresdag vum Olympia-Attentat vu Palästinenser géint d’israelesch Ekipp an der bayrescher Haaptstad, dat 11 Israelien net iwwerlieft haten.