No der Masse Schéisserei zu Lewiston am US-Bundesstaat Maine geet d’Sich nom presuméierten Täter weider. Déi lokal Autoritéiten hunn de 40 Joer ale Mann identifizéiert. Hien wier an der Arméi a Formateur fir Schosswaffen, mellt den CNN. Bei der Schéisserei an der koumen 22 Mënschen ëm d’Liewen a 60 Weiderer goufe blesséiert.
De méiglechen Auto vum presuméierten Täter gouf an der Nopeschstad, zu Lisbon fonnt. Den Täter selwer ass weiderhin op der Flucht. D’Sichaktioun géing sech als méi schwéier erweisen, éischtens well et däischter ass, Maine läit sechs Stonnen hannert eis, an zweetens well de Verdacht besteet, datt e sech an de Bëscher ronderëm d’Stad géing verstoppen. E gëtt als bewaffent a geféierlech ageschat.
D‘Awunner vu Lewiston a Lisbon goufen dozou opgeruff doheem ze bleiwen a béide Stied bleiwen Haut ëffentlech Ariichtungen, wei zum Beispill Schoulen zou.
There is an active shooter in Lewiston. We ask people to shelter in place. Please stay inside your home with the doors locked. Law enforcement is currently investigating at multiple locations. If you see any suspicious activity or individuals please call 911. Updates to follow. pic.twitter.com/RrGMG6AvSI
— Maine State Police (@MEStatePolice) October 26, 2023
Laut der CDC, der nationaler Organisatioun fir ëffentlech Gesondheet, ginn all Dag 327 Mënschen an den USA ugeschoss, dovunner stierwen der 117.
Ronn 706 Mënsche sinn d’lescht Joer bei Amokleef gestuerwen, dat ergeet aus Zuelen aus dem amerikaneschen online Archiv fir Waffegewalt.