Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schëffsongléck am Mosambik: D'Leit wollte virun der Cholera Epidemie flüchten

Mosambik

Schëffsongléck am Mosambik: D'Leit wollte virun der Cholera Epidemie flüchten

Am Mosambik ass de Bilan vum Schëffsongléck op 96 Doudeger geklommen. Virdru war vun 91 Doudeg rieds. E Fëscherboot, dat als Fär konvertéiert gi war, ass mat ronn 130 Leit u Bord ënner gaangen.

auto_stories

1 min

Den Autoritéiten no war d‘Schëff iwwerlueden a net fir Transporter vun esou ville Leit gëeegent. Fënnef Leit konnte bis elo aus dem Mier gerett ginn. Et gëtt no weidere Vermësste gesicht.

Déi meescht vun de Leit u Bord hätte virun enger Cholera Epidemie op eng Insel wëlle flüchten. Am Mosambik, engem vun den äermste Länner op der Welt, goufe 15.000 Fäll vu Cholera registréiert. 32 Leit sinn zanter Oktober un der Krankheet gestuerwen.