search

/ "Schimmelwunnenge" vun haut schafen d'Santésproblemer vu muer

Entente des offices sociaux

|
reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow

"Schimmelwunnenge" vun haut schafen d'Santésproblemer vu muer

D'Hausse vun den Energiepräisser trëfft virun allem déi Leit, déi am mannste verdéngen. Et ass awer net déi eenzeg Suerg vu Leit mat nidderegem Akommes, wéi d'Presidentin vun der Entente des offices sociaux am 100,7-Interview erkläert. E Problem bleift de Logement an d'Santé - och a Kombinatioun.

reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Ginette Jones | © Jo Diseviscourt
D'Ginette Jones (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Ginette Jones ass Presidentin vun der Entente des offices sociaux. Si huet all Dag mat Leit ze dinn, déi Krämpes hunn, iwwer d’Ronnen ze kommen. Ironescherweis sinn déi d’Haussë bei de Bensinn- an Dieselpräisser awer fir déi mannst ee Problem.

Den Trend geet a Richtung Stied

Firwat dat esou ass, ass séier erkläert: “Déi Leit hu keen Auto, déi fuere mam ëffentlechen Transport”, seet d’Ginette Jones am 100,7-Interview. Dowéinst hätten d’Leit och ëmmer méi d’Tendenz, an d’Stied ze zéien, wou et Crèchen, Schoulen an e gudden ëffentlechen Transport ginn.

“Deen Trend, dee kënne mir feststellen.”

Andeems een also d’Spritpräisser plafonéiert oder subventionéiert hëlleft een deene Vulnerabelsten also net wierklech.

Méi Kappzerbrieches mécht do de Mazout, bezéiungsweis d’Energiekäschten am allgemengen. D’Ginette Jones erkläert, datt d’Energiekäschten nieft dem Loyer mëttlerweil den Haaptgrond ass, firwat Leit bei d’Office-socialle kommen.

De Mindestloun geet net méi duer

D’Presidentin huet dräi Pilieren identifizéiert, déi d’Haaptkäschte fir Leit mat nidderegem Akommes duerstellen: De Logement, d’Santé, a Frais divers.

Am Logement ginn d’Loyeren erop, genee wéi och d’Kautiounen a Fraisen, seet d’Ginette Jones. An och wann d’Office-sociallen an der rezenter Diskussioun ëm de Mindestloun keng politesch Positioun anhuelen, esou ass fir si awer och kloer, datt een zu Lëtzebuerg mam Mindestloun nëmme schwéier liewe kann.

D’Ginette Jones huet am 100,7-Interview e konkreet Beispill ginn: Eng Madamm, Ufank 50, verdéngt 2.500 Netto. Fir hire Loyer kritt si 200 Euro Subventioun de Mount. De Loyer ass 1.300 Euro. Dobäi kommen Elektresch, Internet an Assurancë fir 300 Euro.

“D’Madamm war elo zwee Méint krank an ass du bei eis komm, well si d’Fraisen net méi couvréiert kritt.”

Eng automatesch Verdeelung vun den Hëllefen?

Zousätzlech zur Subventioun vum Loyer kann een nach d’Allocation de vie chère an d’Energieprimm ufroen. Bei der Allocation de vie chère kritt een als Eenzelpersoun 1.817 Euro, eng Famill mat zwee Kanner 3.182.

D’Ginette Jones wënscht sech, datt dës Hëllefen un en Automatismus gebonne ginn, fir datt déi Leit, déi drop ugewise sinn, d’Hëllefen automatesch kréien. De Staat weess jo, wie wéi vill verdéngt. D’Office-socialle këmmere sech och just ëm déi Leit, déi ee feste Wunnsëtz hunn.

Déi administrativ Hürden: "D'Leit verléieren d'Schlappen"

An net jidderee weess, datt et esou Hëllefe ginn, oder wéi ee se kritt.

“Bei Mënschen, déi et wëssen, do mierkt een, déi komme bei eis fir administrativ gehollef ze kréien, well si sech an deem ganze Gewusel net erëmfannen.”

D’Leit géinge beim administrativen Opwand d’Schlappe verléieren, seet d’Ginette Jones.

Dacks gëtt och gesot, datt et engem vill Iwwerwannung kascht, bei d’Office-sociallen ze goen. Dat géing awer domadder zesummenhänken, wéi een empfaange gëtt, betount d’Ginette Jones.

“Als Biergerin a Bierger soll een esou behandelt gi wéi een, deen eppes zegutt huet.”

Kanner leiden ënner onzoumuttbare Wunnkonditiounen

Den zweete Pilier, deen d’Ginette Jones uschwätzt, sinn d’Santéskäschten. Do géing et dacks en enke Lien mam Logement ginn.

“Et ass e grave Feeler fir net realistesch drun erunzegoen an ze kucken, wéi Kanner grouss ginn a verschiddene Wunnengen.”

Wann een déi sanitär Gesetzer 1 zu 1 applizéiere géing, da géingen den Owend vill Mënschen op der Strooss stoen, well si net méi do dierfte bleiwen, wou si sinn, ënnersträicht d’Presidentin vun der Entente des offices sociaux.

Wa Kanner haut an esou “Schimmelwunnengen” grouss ginn, ginn d’Santésproblemer vu muer kreéiert, seet d’Ginette Jones.

De Volet Gesondheet hätt de Leit mat nidderegem Akommes awer schonn ëmmer Kappzerbrieches bereet.

play_arrow Lauschteren