Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schaarf Kritik vum SEW: De Claude Meisch géif net evidenzbaséiert genuch virgoen

Enseignantsgewerkschaft

Schaarf Kritik vum SEW: De Claude Meisch géif net evidenzbaséiert genuch virgoen

An der Educatioun feelt et un enger qualitativer Bewäertung an de Beräicher Inclusioun, Bildungsgerechtegkeet an Digitaliséierung. Esou d'Kritik vum SEW-OGBL. Ouni eng reell Datebasis wier et onméiglech, d'Besoine vun de Schüler an d’Ressourcen ze definéieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Educatioun | © Bigstock / jd8 play_arrow
Foto: Bigstock / jd8

Den Educatiounsminister Claude Meisch géif vill Decisiounen am Alleingang treffen, ouni Grondlag an ouni op d’Experten um Terrain ze lauschteren, heescht et vun der Enseignantsgewerkschaft. De Manktem un Enseignantë wier eng Konsequenz vum Educatiounsminister Claude Meisch senger neoliberaler Politik, betount d’Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW Joëlle Damé.

Quereinsteiger keng Dauerléisung

De Quereinsteiger-Programm, deen Uganks als Noutléisung géint den Enseignantsmanktem geduecht war, sollt zäitlech limitéiert sinn, an net zu enger Dauerléisung ginn, sou den SEW. Vill méi misst een hei den Enseignantsprogramm stäerken, seet d’Joëlle Damé.

"Wa mir den Enseignanten nees d’Méiglechkeet ginn, hir Missioun ze erfëllen an hirem Kärjob, dem Ënnerriichten, nozegoen, sou stäerke mir net nëmmen eis ëffentlech Schoul, mee mir motivéieren an engems déi potenziell zukünfteg Enseignanten, dëse Beruff ze ergräifen.”

Conclusiounen mat falsche Premissen

Een anert grousst Suergekand vun der Enseignantsgewerkschaft ass d’Situatioun vun der Inclusioun an de Schoulen zu Lëtzebuerg. Och hei géif de Claude Meisch vun engem Succès schwätzen, ouni sech op Fakten an Donnéeën ze baséieren, fënnt d’Joëlle Damé. Datt zum Beispill gesot gëtt, datt d’Inclusioun ee Succès wier, well manner wéi 1 Prozent vun de Schüler a Kompetenzzentere betreit ginn, géif op falsche Premisse berouen.

"Éischtens géif dat heeschen, datt all Kand, dat eng Plaz am Kompetenzzenter brauch, dës och krut. An zweetens, datt all Kand, dat net an engem Kompetenzzenter betreit gëtt, gutt includéiert ass."

Zréck zum éierlechen Dialog

Dat géif net stëmmen, erkläert Joëlle Damé. Et géife Schüler:inne ginn, déi op eng Plaz an engem Kompetenzzenter waarden. Am Rapport vum Ministère géif och eng qualitativ Bewäertung vun der Inclusioun feelen.

Vun engem nächsten Educatiounsminister oder enger nächster Educatiounsministerin erhofft sech den SEW, datt nees een éierlechen Dialog mat den Acteuren um Terrain stattfanne kann, an d’Gewerkschafte vun Ufank un méi agebonne ginn.

Lauschterenplay_arrow

Edukatioun
Politik a Gesellschaft
Noriichten