Radioen

On air

9 bis 1  |  Ruti - Break My Own Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sarah de Nutte mécht keen Appell géint den ëffentleche Blâme vun der FLTT

Dëschtennis

Sarah de Nutte mécht keen Appell géint den ëffentleche Blâme vun der FLTT

D’Dëschtennisspillerin Sarah de Nutte mécht keen Appell géint den ëffentleche Blâme, deen de Comité-directeur vun der FLTT Ufank November géint si ausgesprach hat. Widderwëlleg hätt si sech heizou entscheet, heescht et an engem Communiqué vun der aktueller Nummer 95 vun der Weltranglëscht am Simpel.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun play_arrow
Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun

“Ech halen et net fir néideg, dëse Kampf bis zum Äussersten ze féieren”, begrënnt déi 32 Joer al Sportlerin hire Schrëtt. Och wann - wéi si schreift - den Haaptenjeu vun dëser Affär d’Sportler an hir Riedefräiheet wieren.

"No vir kucken a Kraaft spueren"

Zënter hirer Kritik zu Paräis - d’Sarah de Nutte hat jo kritiséiert, datt hiren Trainer si do net coachen duerft - hätt si sech net ëffentlech geäussert. Dës Affär géif also just der ëffentlecher Interpretatioun vu verschiddene Spëtzefonctionnairen entsprangen, sou d’Sarah de Nutte. Dës Leit hätte sech perséinlech viséiert gefillt. Dobäi wier hir Kritik genereller Natur gewiescht, a si hätt keen am Spezielle cibléiert.

Bis haut, méi wéi 4 Méint dono, hätt si nach keng valabel Erklärung fir d’Decisioun kritt, déi verhënnert hätt, datt si hiren Trainer un hirer Säit konnt hunn.

D’Elittesportlerin vun der Arméi a Profispillerin seet sech am Schreiwes zudéifst dankbar fir déi vill Ënnerstëtzung, déi si krut vu Frënn, sief et Sportler oder net, respektiv fir déi vill Stellungnamen an der Press. Elo wéilt si awer no vir kucken an hir Kraaft net fir eng Prozedur opbréngen, just fir d’Satisfaktioun, Recht ze hunn.

Sarah de Nutte bedauert Imageschued

Si wéilt d’Spëtzt vun der FLTT eleng mat hirer Decisioun loossen, déi och dozou bäigedroen hätt, datt aner Geschichten an deem Sënn un d’Liicht koumen. Déi géife beweisen, datt hire Fall leider keen Eenzelfall wier.

Si géif zudéifst bedaueren, datt d’FLTT duerch dës Affär hir an hirem Image geschuet hätt, sou d’Sarah de Nutte, déi nach vun Ongerechtegkeetsgefill schwätzt an dovun, datt d’Handlunge vun der Dëschtennisfederatioun vun elo un opmierksam géife verfollegt ginn.

Theoretesch hätt si bis e Freiden Zäit gehat, fir hir Decisioun ze huelen. Domat zitt d'Sarah de Nutte quasi e Schlussstréch ënnert d’Affär ronderëm hir Kritik un der Dëschtennisfederatioun op den Olympesche Spiller zu Paräis. Vun dëser Affär befreit géif si op hiert grousst Zil an der Zukunft hischaffen: D'Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles.

Lauschterenplay_arrow