Déi belsch Autoritéiten haten eng schwaarz Lëscht erausginn, mat Spillsand dee verseucht wier. Doropshin hätt de Lëtzebuerger Institut ILNAS kontrolléiert, ob där Sandzorten och hei am Land a Geschäfter oder online géifen ugebuede ginn. Dat wier awer net de Fall gewiescht.
Doriwwer eraus huet d'ILNAS 7 Echantillone vu Spillsand vun anere Marken iwwerpréift, déi hei am Handel sinn. Do goufe bei 6 Echantillone keen Asbest festgestallt. Bei engem Echantillon wier eng minimal Quantitéit festgestallt ginn. Déi louch awer wäit ënner der gesetzlech virgeschriwwener Limitt.