Radioen

On air

Notturno  |  Midlake & John Grant - You Don't Get To

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Samantha Lindo - Ancestry: Ee villsäitegen R&B Album

Album vun der Woch

Samantha Lindo - Ancestry: Ee villsäitegen R&B Album

D’Samantha Lindo ass eng nei englescher Musekerin mat jamaikaneschen Originnen, een onbeschriwwent Blat. Soul, Jazz an Triphop vermësche sech an hirer Musek. A wann dat net nei, oder originell genuch erschéngt, da bidden d’Iddi an déi textlech Qualitéite vun hirem Debt-Album méi wéi genuch, fir ze beréieren an zum Nodenken ze bréngen.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Samantha Lindo - Ancestry

Ausflich an de Gospel, Spriechgesang à la Kae Tempest, déi nei Well vum Britteschen Jazz – et ass ee villsäitegen R&B Album, deen d’Samantha Lindo hei op d’Bee gestallt huet. Als Debut ass et en “Hole in One”, well d‘Musekerin kënnt e bëssen aus dem Näischt. Schonns laang ier d’Press op déi extrem schéin Iddi hannert hirem Debut-Album ugesprongen ass, hat si schonn den Arts Council of England iwwerzeegt kritt, d’Plack mat ze finanzéieren. Et ass och net néideg, ganz vill iwwert hir Virgeschicht ze wësse fir hir Plack ze lauschteren, well grad unhand vun där stellt si sech dem Nolauschterer op beandrockend intim Manéier vir. Wéi den Titel “Ancestry” et seet, mat hirer Familljegeschicht, déi hir Texter mat poeteschen, mee verständleche Wierder erzielen.

Eng Bréck bauen iwwert de Migratiounshannergrond

Jamaika, wou dës Familljegeschicht ufänkt, ass dobäi wäit fort also vu Bristol, wou sech d’Samantha Lindo haut ophält. An enger ganz ausféierlecher a liesenswäerter Nott, déi d’Entsteeung vun der Plack dokumentéiert an als Aleedung funktionéiert, gëtt si zou, sech vis-à-vis vun hiren Englesche Landsfraen a –männer e bëssen am Nodeel gespuert ze hunn. Do wou deenen hir Familljegeschicht vläicht scho laang op der selwechter Plaz harmonesch oder manner harmonesch evoluéiert huet, huet si duerch hire Migratiounshannergrond ee grousse Vide gespuert. Den Ustouss, sech mat hirer Familljegeschicht waren haart Erfarungen, déi si selwer matkritt huet, wéi zum Beispill wéi hire Grousspapp gekrasch huet, wou en Jamaika zeréckkomm ass, a säi Familljenhaus war just nach eng Ruin.

Deen éischten Eeleren, dee si evoquéiert ass hiren Ur-Urgrousspapp, deen 1891 op Jamaika dat Ondenkbaart gemaach huet an eng schottesch Schouljoffer bestuet huet. Ee radikalen Akt vun der Léift, géint all sozial Akzeptanz, aus deem si de Grond Tenor vun hirer Plack hirleed. All hir Texter huelen dës radikal Léift als Moossstaf fir hir Formulatioun, a si behandelt hir Sujete mat Virsiicht, Optimismus a Wäermt.

Eng Generatioun weider begéine mir dem Eric, hiren Urgrousspapp, dee Fierschter op Jamaika war, an deemools Beem geplanzt huet, déi eréischt haut ganz erwuesse sinn. Wéi d’Réng, déi an de Stämm vun dëse Beem opschreiwen, wéi vill Sonn war a wéi vill Reen gefall ass, zitt och d’Samantha Lindo d’Linne vun der Zäit no, an erënnert sech, datt haut des Bëscher duerch de Klimawandel a Gefor sinn. Esou steet eng Generatioun op de Schëllere vun enger Anerer. Den Eric krut deemools en Unzeechen un der englescher Kinnigin fir seng Aarbecht. Bei der Zeremonie waren hien a seng Fra déi eenzeg net-wäiss Leit virum Jamaica House, an hunn och domat ee Bam geplanzt, dee bis haut gebraucht huet, fir erwuessen ze ginn. An ier Beem stierwen, gi se alles, aus deem se sech gebilt hunn, erëm zeréck an de Buedem, als Fudder fir déi, déi do no hinne kommen. Och dëse Gedanke war der Samatha Lindo wichteg, wéinst dem Puppelchen an hirem Bauch. D ‘Verëffentlechung vun der Plack gouf op deen Dag programméiert, fir deen d’Gebuert vun hirer Duechter erwaart war. Dëst stréckt déi ganz Iddi net nëmmen zesummen, mee verstréckt se och erëm mat der Wierklechkeet.

Also zeréck zur Famill - well Famill ass gläich Natur?

Esou einfach ass et och net. Eng manner fein Kënschtlerin hätt sech esou engem Essenzialismus vläicht higinn, mee net déi hei. Loosse mir hir hir eege Wierder, fir sécher ze sinn, si net falsch ze verstoen.

“Mat ‘Ancestry’ geet et mir drëm, ze froen: Wéi kënne mir gutt Virfare sinn an dësem wichtege Moment vun der Geschicht? Wat wäert d’Ierfschaft vun eiser Generatioun sinn? Wat wäerte mir zerck an de Buedem ginn? Wéi kënne mir op nohalteg Manéier liewen an handelen, zugonschte vun eise wierklechen a metaphoresche Kanner, Enkelen an Urenkelen? Wéi fanne mir eraus wie mir sinn, wéi schwamme mir géint de Stroum, wann et néideg ass? Wéi kënne mir eng Geschicht weidererzielen, déi esou vill méi grouss as fir dëse Moment?”

Eng spannend an nuancéiert Rees - et ass derwäert, sech anzeschreiwen.

Lauschterenplay_arrow