Dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun wier eng Oplëschtung vu Saache gewiescht, déi ee gemaach hätt, an Villes wier schéi geriet ginn, seet d'Sam Tanson am 100,7-Interview.
“Et goufen eng ganz Rei Saachen nach emol annoncéiert, déi scho prononcéiert goufen. Fir mech war et also net de Befreiungsschlag, deen hie sech erhofft huet.”
Dës Ried wier en Exercice, deen et erfuerdert, eng éierlech Analys iwwer den Zoustand vum Land ze maachen. Genee dat hätt si awer am meeschte vermësst, bedauert d’Sam Tanson.
Agenda vum Premier selwer gewielt
Direkt no der Ried gouf et vill Kritik vun der Oppositioun, well de Premier praktesch keng Annoncë gemaach huet. Zum Deel verständlech, schliisslech wëllt de Luc Frieden sech esou kuerz virun der Tripartite wuel och net d’Fanger verbrennen. Hätt een eventuell den Datum vun der Ried sollen änneren?
D’Sam Tanson betount, datt de Premier de ganzen Agenda selwer fixéiert huet.
“Zu kengem Ament goufen et Diskussioune vun der Majoritéit fir den Etat de la nation ze réckelen, dat heescht et war e bewossten Agenda vum Premier. Ech weess net, firwat hien dat esou gemaach huet.”
Si hätt sech zum Theema Tripartite och keng gréisser Annoncen erwaart, seet déi fréier Justizministesch. Dofir awer an allen anere Beräicher, wéi zum Beispill an der Gesondheet, wou et “un allen Ecker brennt”.
Narrativ vum Zesummenhalt gëtt appreciéiert
Vun deem Moment un, wou de Premier “hannerrécks” an dës Tripartite erageet, déi hien net wollt, wier hie geschwächt gewiescht, mengt d’Sam Tanson. Dobäi kéim de soziale Konflikt, deen d’Regierung selwer provozéiert hätt. Dat wier “net grad eng staark Verhandlungspositioun”, seet déi gréng Deputéiert.
Dem Luc Frieden säi generelle Message gëschter war dee vum Zesummenhalt. Dat begréisst d’Sam Tanson. Et wier e wichtegen a richtege Message. Deen Narrativ hätt een an de leschte Jore vermësst, deels wéinst falsche Verspriechen, déi ëmmer nees gemaach goufen.
Mee ass et net bësse spéit, fir dee Message elo réischt lasszeginn? Effektiv wier vill Zäit verluer gaangen, seet d’Sam Tanson. De geopolitesche Kontext wier awer och keng Excuse.
“D’Kris vun elo war net imprevisibel. Mam US-President hu mir en Dropgänger am Wäissen Haus setzen. Datt den Noen Osten explosiv ass, ass och net vum Himmel gefall komm.”
D’Sam Tanson ass der Meenung, datt ëmmer Zäit ass, fir nach beieneen ze fannen. Mee der Regierung leeft d’Zäit dovun, mengt si. Et wier elo de leschte Moment, fir nach Akzenter ze setzen.
Preparatioun op d'Budgetsried
Kritik gouf et um Premier och, well hie sech net vill zur finanzieller Situatioun vum Land geäussert huet. Hien huet dat och déi lescht zwee Joer net gemaach. Wéinst der schlechter Finanzsituatioun wier et awer elo de Moment gewiescht, seet d’Sam Tanson.
“Grad fir eng CSV-DP-Regierung, wa mir esou eng Degradatioun vun de Staatsfinanzen hunn. Et hat mir erwaart, datt hien an esou enger Situatioun och doriwwer schwätzt an d’Kand beim Numm nennt a Léisungsvirschléi nennt.”
D’Reaktioun vum Laurent Zeimet vun der CSV dorop war, datt et keng Budgetsried gewiescht wier. D’Sam Tanson erënnert awer drun, datt d’Ried zur Lag vun der Natioun ursprénglech als Preparatioun op d’Budgetsried geduecht war.
Keng "seriö" Finanzpolitik
Déi ugekënnegt Steierreform wäert nach emol e Batz Sue kaschten. Déi bréicht een an deem Ausmooss awer och net, mengt d’Sam Tanson.
“Mir sinn der Meenung, datt et gutt ass, der Gesellschaftsevolutioun Rechnung ze droen, d’Famillen ze entlaaschten an déi breet Mëtt. Mee d’Reform kascht 1 Milliard Euro d’Joer an entlaascht wäit iwwer déi breet Mëtt eraus.”
Déi gréng sinn der Meenung, et misst een déi héich Revenuen nach méi besteieren a sech Gedanke maachen iwwer e Géigefinanzement. Dat géing zu enger “seriöser Finanzpolitik” gehéieren.
An och d’Tripartite wäert kaschten. D’Prioritéiten an deem Kader si fir déi gréng ganz kloer de Punkt Energie. Och hei hätt de Premier a senger Ried nëmmen e parziellt Bild gezeechent, mengt d’Sam Tanson.
“D’Ziler sinn net all erreecht ginn. D’Wärmepompel ass e wichtege Punkt, do schleeft et um Niveau vun der Regierung.”
Souwuel méi héich Subventioune bei de Pompelen, wéi och bei den E-Autoen, hätte scho laang kënne gemaach ginn, esou nach d’Sam Tanson."