U Kritik um neie schwaarz-bloe Koalitiounsaccord ass bei der parlamentarescher Rentrée vun déi gréng net gespuert ginn. D'Sam Tanson, Spriecherin vun de véier gréngen Deputéierte seet, datt virun allem am Volet Stieren "den Elefant eng Maus accouchéiert huet".
Steiererliichterungen op Käschte vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen
Et géifen eng ganz Rei u Steiererliichterunge ginn, an zwar fir déi, déi souwisou schonn eppes hätten, a vu wou d’Géigefinanzéierung fir all déi Erliichterunge géif kommen, dat wier net gewosst.
"Dat Ganzt riskéiert op d’Käschten ze goe vu Reduzéierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen, op déi awer grad och rëm déi Kleng- a Mëttelverdénger ugewise sinn."
"Populistesche Wording"
Mat engem "populistesche Wording" géif den Naturschutz als Schëllege genannt gi fir beispillsweis d’Problemer am Wunnengsbau, an dat wier extrem problematesch, ënnersträicht d’Sam Tanson. Datt den Energie- a Klimaplang et an de Koalitiounsaccord gepackt hätt, géif ee begréissen.
"Erschreckend fanne mer am Energieberäich allerdéngs, datt sech net méi explizitt géint d’Atomkraaft ausgeschwat gëtt."
Nach vill Froen op
Déi fréier Kulturministerin bedauert, datt et keng Visioun fir d’Kultur géif ginn an et géife wichteg Dossiere guer net ugeschwat ginn am Koalitiounsaccord.
"Mir stellen eis natierlech och d’Fro vun der sozialer Gerechtegkeet. Déi Dossieren, déi ech elo ugeschwat hu vun de Steieren iwwert de Logement déi dénge virun allem deenen, déi scho méi hunn."
Allgemeng géif de Koalitiounsaccord nach vill Froen op loossen, seet d'Sam Tanson, et géif vill dovu riets sinn, wat nach analyséiert a gekuckt misst ginn, an hiren An géif et awer u konkreten Aussoe feelen.
D’sozial Gerechtegkeet an d’Géigefinanzéierung vun de Steiererliichterunge bereeden de gréngen am meeschte Suergen, esou d’Sam Tanson, Spriecherin vun de véier gréngen Deputéierten. Et géif ee positiv feststellen, datt, anescht wéi am Walkampf annoncéiert d’Politik vu bis elo zu 85 % soll weidergefouert ginn.