D’Buergermeeschtesch vu Paräis, d‘Anne Hidalgo, huet fir Februar 2024 “eng votation citoyenne“ ugekënnegt, e Referendum also fir d’Awunner vu Paräis, mat der ganz konkreter Fro: Wëllt dir méi oder manner SUVen zu Paräis? Am Fall wou d’Majoritéit vun de Paräisser sech fir manner SUVen ausschwätzt, géif dat an der Haaptsaach eng ganz substantiell Erhéijung vun de Parkingskäschte fir dës Ween bedeiten.
Mat dësem erhéichten Tarif fir méi grouss, méi schwéier a méi Ressourcen-intensiv Ween, wëllt d’Anne Hidalgo eng besser Opdeelung vum ëffentleche Raum bewierken, zu Gonschte vun der lueser Mobilitéit, fir déi déi masseg Gefierer och nach méi geféierlech sinn.
Déi lescht “votation citoyenne” zu Paräis hat bewierkt, datt d’Trottinetten en “libre Service” ofgeschaaft goufen, well se an der ganzer Haaptstad dorëmmer getrollt sinn, Foussgänger a Cycliste gehënnert hunn, an d’Parke verschampeléiert hunn. D’Stad Lëtzebuerg hat dee System vu virera verbueden, wat eng gutt Decisioun war, well et hei bestëmmt net vill anescht gaange wier.
Zu esou enger Bierger-Consultatioun iwwer Suve wäert et bei eis net kommen, net nëmme well dat hei net esou gehandhaabt gëtt, an och net, well mir domadder ganz schlecht Erfarunge gemaach hunn, mee virun allem, well d’SUVe ganz beléift sinn an der ganz vill fueren.
Méi Sécherheet fir wien?
Wat genee e SUV ass a wat net, bestëmmen d’Constructeuren, haaptsächlech aus Marketingstrategie. Et gëtt Admissiouns-technesch keng esou Kategorie bei eis.
Datt déi Gefierer beléift sinn ass och duerchaus verständlech, well se trotz dem Gewiicht liicht ze fuere sinn, de Passagéier all Confort bidden an e Gefill vu Sécherheet vermëttelen. Si stellen och reell eng méi grouss Sécherheet duer, natierlech an de physikalesche Limitten.
Mat der Betounung op: fir déi déi dra sëtzen an an de Limitte vun der kinetescher Energie. Och kann de mënschleche Kierper e Schock nëmme bis zu enger gewësser Vitess verkraaften, egal wéi gutt d’Karkass ass, déi e schützt.
Esou Gefierer mam Sécherheetsbonus verleeden dann och nëmmen dee Chauffer zu enger méi aggressiver Fuerweis, dee sech dozou verleede léisst. Hei soll net verallgemengert ginn. Wat allerdéngs net ze widderleeën ass, ass d’Gravitéit vun de Verletzunge fir de schwaachen Notzer bei enger Kollisioun mat esou engem massegen Auto (bei gläicher Vitess wuelgemierkt). Am EU-Parlament gëtt souguer iwwer eng extra Fürerschäi-Kategorie nogeduecht.
Och d’Plaz an de Parkraum, dee se brauchen, ass iwwerdimensionéiert, geneesou wéi hir Pneuen an deemno och den ekologesche Foussofdrock.
Heizuland bleift einstweilen mol alles beim Alen, och beim neie Luc. Wat awer net verhënnert mol doriwwer nozedenken!