Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sudan: Rout Kräiz mellt eng katastrophal humanitär Situatioun

7 Millioune Leit si well geflücht

Sudan: Rout Kräiz mellt eng katastrophal humanitär Situatioun

Den internationale Kommitee vum Roude Kräiz mellt eng katastrophal humanitär Situatioun am Sudan. Ee Grond si schwéier Zerstéierungen am Gesondheetswiesen: 70 bis 80 Prozent vun deem Secteur kéinten net schaffen, heescht et.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Lobna Tarek
(Foto: picture alliance/dpa | Lobna Tarek)

Am afrikanesche Land gëtt et zanter dem leschten Abrëll ee bluddege Muechtkampf.

Schätzunge vun der UNO no si siwe Millioune Mënsche geflücht.