Radioen

On air

9 bis 1  |  When 'Airy Met Fairy - Stuck In A Car

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ SNPGL fuerdert Reform vun de Gefaangenentransporter

Policegewerkschaft

SNPGL fuerdert Reform vun de Gefaangenentransporter

Schaarf Kritik vun der Nationaler Policegewerkschaft un der Organisatioun vum Gefaangenentransport déi d‘Police organiséiert. Der SNPGL no, wieren d’Aarbechtskonditiounen inakzeptabel, an d’Formatiounen an d’Moyene géifen net duergoen, fir déi villfälteg Aufgaben op eng sécher a effizient Manéier ze bewältegen.

auto_stories

1 min

Weider gëtt am Communiqué bemängelt, datt modern Alternativen, wéi Videokonferenzen oder Enquêten direkt an de Prisongen, kaum genotzt ginn, wat onnéideg Transporter an eng zousätzlech Belaaschtung mat sech brénge géif.

D’SNPGL verlaangt eng direkt Reform, ënnert anerem duerch d’Schafe vu spezialiséierten Eenheeten an eng Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen. Soss gesäit d’Gewerkschaft d’Sécherheet vun de Beamten an d’Effizienz vun der Police a Gefor, heescht et nach am Communiqué.