Radioen

On air

Notturno  |  The Soft Pink Truth - Wanna Know

play_arrow Live
search

/ Jugendpolitik: Positiven Usaz an der Aarbecht mat der Jugend bäibehalen

Service National de la Jeunesse

Jugendpolitik: Positiven Usaz an der Aarbecht mat der Jugend bäibehalen

 Jonker méi staark a resilient maache géigeniwwer den Erausfuerderunge vun der Zukunft. Dat wier ee vun den essentiellen Defie vun der Jugendpolitik, sou den zoustännege Minister Claude Meisch bei der Presentatioun vu senge politesche Prioritéiten an dem Beräich. Dobäi sëtzt hien ënner anerem op den SNJ.

auto_stories

1 min

Foto: Michael Dias / standart

An dem Kontext wëll de Minister d‘Jugendhaiser an d‘Jugendorganisatioune weider stäerken.

Datt vill Jugendlecher ënner psychesche Stéierunge leiden an dacks Problemer hätten hir Plaz an der Gesellschaft ze fanne wier eng Realitéit, sou den Direkter vum Service National de la Jeunesse, Georges Metz. Et dierft een awer och de positiven Usaz net aus den Ae verléieren.

"Mir wëssen, datt et Jonker gëtt, deenen et net gutt geet. Der ganzer grousser Majoritéit geet et awer gutt, an dat mengen ech ass wichteg, datt mer awer och am Kapp behalen, wa mer mat hinne schaffen."

Et dierft een déi Jonk, déi "gutt funktionéieren" net aus den Ae verléieren, betount de Georges Metz.