Radioen

On air

Euranet Plus Podcast  |  

play_arrow Live
search

/ SES schéckt zwee weider Satelitten an d'Weltall

Satelittegesellschaft

SES schéckt zwee weider Satelitten an d'Weltall

D‘SES huet zwee nei Satellitten an de Weltraum geschoss. Si sinn hënt eiser Zäit vu Cape Canaveral aus u Bord vun enger Falcon-Trägerrakéit vu SpaceX aus fortgeschoss ginn.

auto_stories

1 min

© SES
Foto: SES

Et handelt sech ëm de 7. an den 8. Satellit, déi elo op Orbit geschéckt goufen. Am Ganzen huet d‘SES 13 där neier Satellitte vun der zweeter Generatioun, déi sougenannten O3b mPower bestallt. Déi sollen an enger Héicht vun 8.000 Kilometer ronderëm d‘Äerd kreesen a verschidde Service ubidden. Cliente sinn zum Beispill Croisières-Operateuren, awer och Microsoft, Vodafone an d‘NATO.