Radioen

On air

Kultur am Gespréich  |  100,7-Kultur-Redaktioun experimentéiert mat Literatur an Alldagsgeräischer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rüstungskonzerner Rheinmetall a Leonardo striewen eng Joint-Venture un

550 nei Panzer fir Europa

Rüstungskonzerner Rheinmetall a Leonardo striewen eng Joint-Venture un

Den däitsche Rüstungskonzern Rheinmetall an den italieenesche Konzern Leonardo wëlle sech zesummendinn, fir ënnert anerem nei Panzer ze entwéckelen. Dat hu béid Entreprisen haut matgedeelt.

auto_stories

1 min

Rheinmetall | © picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow
Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow

Den Accord gesäit d‘Grënnung vun enger neier Joint-Venture mat Sëtz an Italie fir. De Chef vu Leonardo schwätzt vun enger Basis fir d‘Schafe vun engem gemeinsamen europäesche Verdeedegungsraum.

Et wéilt een nei Standarde setzen an d‘Dieren opmaachen, fir eng nei Generatioun vun héichmoderne Kampfgefierer an a fir Europa, heescht et iwwerdeems vum Rheinmetall-Chef. An däitsche Medien ass Rieds vun iwwer 550 neie Panzer.

Rheinmetall a Leonardo zielen zu de gréisste Rëschtungskonzerner an Europa.