De President huet déi Hausse domat erkläert, datt d‘Menacen am Kontext vum Ukrainkrich geklomme wieren. Eng Mobiliséierung wier awer net virgesinn, huet de Verdeedegungsministère duerno matgedeelt, amplaz géif op Fräiwëllegkeet gesat ginn. Bei der leschter Hausse vum Effectif am Summer virun engem Joer waren 300.000 Männer fir d‘Front agezu ginn. Honnertdausende Mënsche waren deemools an d‘Ausland geflücht. Zanterhier hunn der vill eng zweet Mobiliséierungswell gefaart.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Russland vergréissert seng Arméi
Annonce vum Wladimir Putin
Russland vergréissert seng Arméi
De russesche President Wladimir Putin huet de Freideg den Owend via Dekreet ordonéiert, fir d‘Unzuel un Zaldoten an der Arméi ëm 15 Prozent erop ze setzen. Dat russescht Militär soll deemno 2,2 Millioune Membere kréien, dovunner 1,32 Milliounen Zaldoten.
auto_stories
1 min