Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Russland dementéiert Doud vu Kommandant Viktor Sokolow

Moskau

​Russland dementéiert Doud vu Kommandant Viktor Sokolow

De Kommandant vun der russescher Flott am Schwaarzer Mier wier net dout, seet Moskau. Als Beweis huet de russesche Verdeedegungsministère ee Video a Fotoe publizéiert, wou een de Viktor Sokolow gesäit. Et wieren Opname vun enger Konferenz haut, seet Moskau.

auto_stories

1 min

D‘Ukrain hat gëschter behaapt, de Viktor Sokolow, an 33 russesch Offizéier, wieren ëm d‘Liewe komm bei der ukrainescher Attack d‘leschte Freideg op d‘Haaptquartéier vun der russescher Flott zu Sewastopol.

Trotz dëser Attack wier déi russesch Flott weider asazbereet, esou d'Aschätzung vum brittesche Verdeedegungsministère. Déi ukrainesch Attacken op d'Krim hätte vill Schued ugeriicht, mee déi russesch Flott wier weider an der Lag, hir Haaptaufgaben ze erfëllen.