Radioen

On air

Notturno  |  Minipli - Washing The Money

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russland bombardéiert d'Gare vu Cherson

Ukrainkrich

Russland bombardéiert d'Gare vu Cherson

Russland huet ukrainesche Source no hënt d‘Gare vu Cherson am Süde vun der Ukrain bombardéiert. Grad deen Ament hätten op der Gare vill Zivilisten op eng Evakuatiouns-Zuch gewaart, esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.

auto_stories

1 min

Op d‘mannst eng Persoun wier ëm d‘Liewe komm, mee déi genee Zuel vun Affer a Blesséierte wier nach net bekannt.

Den ukraineschen Arméi-Chef Walerij Saluschnyj huet zouginn, datt seng Truppen sech gréisstendeels aus där komplett zerstéierter Stad Marjinka zeréckgezunn hätten.

Gëscht hat Moskau annoncéiert, datt dës kléng Stad, an der ostukrainescher Regioun Donezk, vu Russland eruewert gi wier.