Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russland bombardéiert Hotel zu Charkiw

Ukrainkrich

Russland bombardéiert Hotel zu Charkiw

Bei engem neie russesche Bombardement zu Charkiw am Nordoste vun der Ukrain gouf hënt ënnert anerem en Hotel getraff. Zwielef Persoune goufen dobäi blesséiert, dorënner och tierkesch Journalisten, huet de Buergermeeschter vun der Stad matgedeelt. Detailer goufe keng genannt.

auto_stories

1 min

D’Ukrain kann iwwerdeems am Krich géint Russland op déi weider Ënnerstëtzung vun der NATO zielen. Déi Alliéiert hu gëschter bei enger Reunioun zu Bréissel weider Hëllefen a Milliardenhéicht an de Raum gestallt. Präzisioune goufe weider keng genannt.