search

/ Russescht Staatsverméigen benotzen: De Bart de Weever besteet op sengem Neen

FINANZIELL HËLLEF FIR D’UKRAIN

|
headphones

5 min

Russescht Staatsverméigen benotzen: De Bart de Weever besteet op sengem Neen

An engem Bréif un d’EU-Kommissioun weist de belsche Premier d’Pläng, als “fundamental falsch” zeréck. De Risiko vu russesche Géigemesurë wier “ganz real”, sou de Bart de Wever. Net nëmmen d’Belsch krit Konsequenzen ze spieren. Dat kéint speziell och Lëtzebuerg eppes ugoen.

headphones

5 min

© picture alliance / NurPhoto | Marten Ronneburg
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Marten Ronneburg)

De belsche Premier steet ënner héijem Drock vu Säite vun anere Staats- a Regierungscheffen an der EU.

Et geet ëm d’Pläng vun der Europäescher Kommissioun, 140 Milliarden Euro, déi de russesche Staat bei der Firma "Euroclear" mat Sëtz zu Bréissel placéiert huet, iwwer Ëmweeër der Ukrain als Prêt zur Verfügung ze stellen.

Legal Analys: “Ganz reale” Risiko , net nëmme fir d’Belsch

An engem véier Säite laange Bréif un d’EU-Kommissioun, deen eis virläit, warnt de Bart de Weever elo virun den a sengen Ae multipele Geforen, déi mat der Propose verbonne sinn, an zwar net nëmme fir d’Belsch. 

Schonn um EU-Sommet Oktober hat de flammänneschen Nationalist seng Bedenke par Rapport zu deem Plang zum Ausdrock bruecht. Och de Lëtzebuerger Premier hat sech deemools skeptesch géintiwwer där Iddi gewisen. 

Op hirer Reunioun am Oktober si sech d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner net eens ginn an hunn d’Europäesch Kommissioun gefrot, esou séier wéi méiglech Optiounen op den Dësch ze leen, doriwwer, wéi d’EU kéint fir déi finanziell Besoine vun der Ukrain opkommen.

De Wolodymir Zelensky hat deemools gesot, säi Land bräicht déi Sue schonn Uganks 2026. 

De Wever: Belsch Bedenke gi net adäquat berücksichtegt

Awer d’Propose, déi d’EU-Kommissioun de 17te November presentéiert huet, stellt de belsche Premier a kenger Linn zefridden.

Déi belsch Bedenke wieren doran net adäquat berücksichtegt ginn, beklot sech de Bart de Wever a sengem Schreiwes.

D’Iddi, net d’Steierbezueler ma de russesche Staat fir de Schued an der Ukrain opkommen ze loossen, wier zwar sympathesch, ma d’Propose wier “fundamental falsch”, ënnersträicht de belsche Premier.

Déi “brutal legal Realitéit” wier, datt “nach ni an der Geschicht, wärend engem Krich immobiliséiert Staatsverméigen fir een aneren Zweck genotzt goufen”, wann da wier dat ëmmer am Kontext vun No-Krichs-Accorden geschitt.

D’Propose géing net nëmme géint fundamental Prinzippie vun internationalem Recht verstousse mee och fir Onsécherheet an Angscht op de finanzielle Marchéë suergen - an do wier Vertrauen ee Schlësselelement.

Legal Berooder: Zënse fir Staatsscholde vun EU-Länner kéinte klammen

Och d’CEO vun "Euroclear" hat des Woch un d’Kommissioun geschriwwen a virun de Suitte fir d’Finanzmarchéë gewarnt.

Déi Risquë wieren “net akademesch ma real”, schreift elo de Bart de Wever.

Spezialiséiert Affekote-Cabineten hätten sech mat der Propose befaasst a se als Broch mat internationalem Recht, der souveräner Immunitéit an dem Proprietéits-Recht bezeechent. Et géif sech, esou hir Conclusioun, hei ëm näischt anescht wéi eng illegal Expropriatioun handelen. 

D’Konsequenz doraus wier eng, déi och d’Memberlänner direkt ze spiere kréien. Nämlech déi dat Investisseuren zécke Wertpabeieren um europäesche Marché kaf ginn an datt Zënse fir Staatsscholde klammen. 

Risiko vun Affär viru Schidsgeriicht - och fir Lëtzebuerg?

De Premier warnt och nach viru Konsequenze fir d’Belsch, déi och Letzebuerg betreffe kéinten. D’Belsch huet ee bilateralen Invesitiouns-Accord mat Russland ofgeschloss (BIT). An deem Kader wier domat ze rechnen, datt déi Attributioun vum Staatsverméigen géif virun engem Schidsgeriicht landen. Dat kéint och de Grand-Duché eppes ugoen. Lëtzebuerg huet deen Accord zesumme mat der Belsch ënnerschriwwen. 

Vu Lëtzebuerger Säit war et d'Äntwert op eis Ufro, datt een dee Bréif vum Bart de Wever net wéilt kommentéieren. 

D’Konsequenze vun enger legaler Defaite vergläicht de Bart de Weever mat engem Fliigersaccident. Fléie wier mat dat sécherst Transportmëttel, mee wann de Fliger eroffält, sinn d’Konsequenzen desastréis. 

D’Belsch kéint just da Jo soen zur Propose, esou d’Conclusioun vum Bart de Wever, wann d’EU-Memberlänner eng legal verbindlech Garantie ënnerschreiwen, déi net ka widderruff ginn a bei der d’Suen zu 100 Prozent an all Moment direkt zur Verfügung stéingen, am Fall wou d'Fongen zeréckbezuelt misste ginn. 

De Wever: EU kéint Friddensaccord verhënneren

Iwwerdeems widderhëlt de Bart de Wever, seng Preferenz fir eng Léisung fir d’finanziell Ënnerstëtzung vun der Ukrain. Et wier besser, an enger éischter Phase 45 Milliarden Euro léinen ze goen, an den EU-Budget als Sécherheet ze huelen. 

De belsche Premier weist um Schluss vu sengem Bréif och drop hin, datt dat Staatsverméigen Géigestand vun engem méigleche Friddensaccord tëschent Russland an der Ukrain si kéint. 

D’EU, esou de Bart de Weever, géif esou ee Friddensaccord verhënneren, wann een elo ze séier eng Decisioun iwwer d’Benotze vun deene russesche Suen hëlt. 

EU-Kommissioun stellt sech hanner hir legal Berooder

D’Europäesch Kommissioun huet e Freideg de Mëtteg confirméiert, datt si dee Bréif vum belsche Premier krut. Et géif een déi Bedenken eescht huelen an hinne Rechnung droen.

Den Awand vum Bart de Wever , datt déi legal Basis vun der Europäescher Kommissioun bis elo net zolidd genuch war, huet d’Chefspriecherin vun der Kommissioun, d’Paula Pinho zeréckgewisen.

“Mir hunn eng ganz exzellent Equipe vun Affekoten an der Kommissioun, déi dofir vill Beweiser a Beispiller ginn hunn. Mir hu vill Vertrauen a si.”

Déi legal Propose soll an de nächsten Deeg nach de Memberlänner presentéiert ginn, d’Paula Pinho. Dat hat och d’Kommissiounscheffin des Woch zu Stroossbuerg annoncéiert