arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesche Flësseggastanker viru Küst vu Libye gesonk

International

|
headphones

1 min

Russesche Flësseggastanker viru Küst vu Libye gesonk

Virun der Küst vu Libyen ass e russeschen Tanker mat Flësseggas ënnergaangen. Dat no enger Rei vun Explosiounen. D‘Schëff hat gëschter Owend schonn en Noutruff gesent. Russland huet iwwerdeens d‘Ukrain beschëllegt hanner den Explosiounen ze stiechen.

headphones

1 min

© EPA/Henry Chirinos
(Foto: EPA/Henry Chirinos)

Déi 30 Membere vun der Crew wieren a Sécherheet, heescht et vum russeschen Transportminister. 

Wou genee d'Explosiounen hierkomm sinn, wier nach net gewosst. 

Libyen iwwerwaacht elo all d'Routen, well d'Gefor vun enger Kollisioun grouss wier, esou déi libesch Autoritéiten. Si warne viru Brandgefor a gréisseren Ëmweltverschmotzungen duerch d'Austriede vu Flësseggas.