Dowéinst kann d'USA elo brittesch Basë fir Defensivzwecker benotzen. Domat si beispillsweis Ugrëff op iranesch Waffendepote gemengt an et soll verhënneren, datt Iran mat Rakéiten onschëlleg Zivilisten ëmbréngt.
Ronn 300.000 Britte solle sech fir de Moment am Noen Osten ophalen.
Starmer wëllt aus Irak-Krich geléiert hunn
Den US-President Donald Trump sot sengersäits, hie wier enttäuscht vu Groussbritannien. D'Reaktioun vum Keir Starmer war kloer: Et hätt een aus de Feeler am Irak geléiert.
Domat huet hie sech op de Krich géint den Irak am Joer 2003 bezunn. Deemools haten d'USA zesumme mat Groussbritannien, mat der Erklärung, de Saddam Hussein hätt Massevernichtungswaffen, den Irak ugegraff. Déi Waffe gouf schlussendlech ni fonnt. Déi ganz Regioun war duerch den US-Ugrëff awer immens destabiliséiert ginn.
Dowéinst huet de Keir Starmer ënnerstrach: "Et ass meng Flicht ze beurteelen, wat am nationalen Interessi vu Groussbritannien ass. A genau dat hunn ech gemaach."
Gemëschte Reaktiounen am brittesche Parlament
D'Reaktiounen op dem Starmer seng Positioun am Brittesche Parlament ware gemëscht. Vill vun den Deputéiert hu seng Reaktioun als mesuréiert gelueft. Virun allem aus dem riets-konservativem Eck huet et geheescht, de Starmer hätt ze laang gezéckt, fir déi brittesch Base fräizeginn. Déi gréng-liberal SäIt fäert, datt Groussbritannien elo awer mat an ee laange Konflikt rutsche wäert.
Déi Angscht schéngt reell. Kuerz nodeems d'Britten hir Base fräiginn hunn, gouf nämlech ee brittesche Stëtzpunkt op Zypern vun enger Dron attackéiert.
Lauschtert déi ganz Erklärunge vun der Korrespondentin Claire Barthelemy hei.