arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Reseaue mësche sech an de franséische Walkampf mat Falschinformatiounen an

Frankräich

|
reading time

1 min

Russesch Reseaue mësche sech an de franséische Walkampf mat Falschinformatiounen an

Dës Woch hunn dräi Politiker matgedeelt, Affer vun Destabiliséierungsaktioune ginn ze sinn, dorënner och de fréiere Premier Gabriel Attal, dee gëschter virun engem Ugrëff op d'Demokratie gewarnt huet.

reading time

1 min

© EPA/Jean-Francois Badias / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/Jean-Francois Badias / POOL MAXPPP OUT)

De Gabriel Attal soll Parkinson hunn oder illegal Besetzunge vun Haiser ënnerstëtzen. Dat behaapte Posts, déi op X zirkuléieren.

Dës Fake News stamen aus dem russesche Reseau "Matriochka" a sinn esou opgebaut, datt et ausgesäit, wéi wann et sech ëm Bäiträg vu franséische Medie géif handelen.

De Gabriel Attal sot gëschter op BFMTV, esou Aktioune wieren e klore Versuch, déi franséisch Demokratie unzegräifen, seng Kandidatur fir d'Presidentschaftswalen d'nächst Joer ze schwächen an de Rietspopulisten an d'Kaarten ze spillen.

Den Attal ass awer net dat eenzegt Affer.

Gesetzesprojet fir méi haart Strofen 

Och en aneren Ex-Premier, deen elo kandidéiert, den Édouard Philippe, an och de Raphaël Glucksmann, deen och kéint untrieden, goufe cibléiert. De Glucksmann sot en Dënschdeg, dës Aktioune wieren eréischt den Ufank. Et misst ee sech op weider russesch Sabotageversich astellen.

Och de Premier Sébastien Lecornu sot schonn Ufank Juli, datt de Risiko ganz grouss wier, datt russesch Reseaue sech amëschen a Falschinformatiounen an Ëmlaf bréngen.

D'Regierung hat dowéinst och e Gesetzesprojet presentéiert, dee virgesäit, d'Auteure vun esou Aktioune méi haart ze bestrofen.