Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Riding For The Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russesch Arméi hëlt wuel weider Terrain an

Krich an der Ukrain

Russesch Arméi hëlt wuel weider Terrain an

Déi russesch Arméi hätt leschte Mount iwwer 720 Quadratkilometer Territoire an der Ukrain ënner hir Kontroll bruecht. De gréisste Virstouss zënter Mäerz 2022. Dat mellt déi franséisch Presseagence mat Verweis op Donnéeë vum US-Institut fir Krichsstudien.

auto_stories

1 min

Och am Oktober hat déi russesch Arméi schonn ee Rekord-Virstouss gemaach, virun allem am Oste vun der Ukrain.

Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz ass iwwerdeems haut um Méindeg fir eng iwwerraschend Visitt zu Kiew ukomm an huet der Ukrain weider Waffeliwwerungen an Héischt vu 650 Milliounen Euro nach fir dëse Mount zougeséchert, dorënner Kampfpanzer, Rakéiten, Dronen a Fluchofwiersystemer.