Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Last Dinner Party - Nothing Matters

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russesch Arméi attackéiert weider Cherson an Odessa

Ukrainkrich

Russesch Arméi attackéiert weider Cherson an Odessa

Déi russesch Arméi huet déi südukrainesch Regioune Cherson an Odessa hënt mat Rakéiten an Dronen attackéiert. Dat mellt de Militär-Gouverneur. Dobäi wieren op d‘mannst aacht Mënsche blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

An der Hafestad Odessa wier den Hafe viséiert gewiescht, awer och den Zentrum, wou een Appartementsgebai an den nationale Konscht-Musée beschiedegt gi wieren.

Iwwert der Regioun Cherson, am Süde vun der Ukrain, wiere 87 Flugbommen erofgehäit ginn. Do wier awer kee Mënsch blesséiert ginn. Déi Donnéeë loossen sech net onofhängeg iwwerpréiwen.