Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt sot, bei der versichter Attack op den ostdäitsche Flughafe vu Leipzig, wiere Mëttel benotzt ginn, déi u russesch Operatiounen erënneren, dorënner d‘Dronekonfiguratioun, Baustécker an Zündtechnik.
“Es wurden Tatmittel wie die Dronenkonfiguration, diverse Bauteile, Sprengstoff und Zündtechnik verwendet, die aus aneren hybriden Operationen Russlands uns bekannt ist.”
Dem däitschen Geheimdéngscht an der Police no wiere sougenannte „Low level-Agenten, déi op Uerder vu Moskau gehandelt hätten, fir déi verhënnert Attack vum 4. August responsabel.
Zwee Verdächteger gepëtzt
Am Zesummenhang mat der versichter Dronen-Attack um Fluchhafen zu Leipzig, huet déi däitsch Police elo zwee Verdächteger identifizéiert, déi e russesche Pass hätten. Dat mellen eng Rëtsch däitsch Medien, grad ewéi déi franséisch Noriichtenagence AFP. Den däitsche Parquet huet sech awer nach net dozou geäussert.
Déi däitsch Regierung wëllt den NATO-Conseil haut iwwer hir Erkenntnisser zur versichter Attack informéieren. Och d‘EU-Ausseministere solle sech bei engem informellen Treffen an Irland domat befaassen an eng eventuell europäesch Reaktioun matdeelen.
Luc Frieden: "Hybride Krich géint Europa"
Lëtzebuerg wier solidaresch mat sengem Noper, EU-Partner an NATO-Alliéirten Däitschland. Dat huet de Premier Luc Frieden gëschter Owend op X geschriwwen.
Den Tëschefall zu Leipzig wier e weidert Beispill vum russeschen hybride Krich géint Europa, esou de Luc Frieden. Russland géif probéieren, déi europäesch Unitéit an d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain ze ënnergruewen. Mee do géif Russland falsch leien. Et géif just d'Unitéit an d‘Ënnerstëtzung vun der Ukrain verstäerken, esou nach de Luc Frieden.
Russescht Generalkonsulat gëtt zougemaach
Den däitschen Ausseminister huet als Konsequenz Mesuren ugekënnegt. Dat russescht Generalkonsulat zu Bonn gëtt den 18. September zougemaach, de russeschen Ambassadeur gëtt convoquéiert, an de Vertrag fir de Kulturzenter „Russescht Haus“ zu Berlin gëtt gekënnegt.
Russland wäert op dës Mesure reagéieren, huet duerno den Ausseministère zu Moskau matgedeelt. De russesche President Wladimir Putin huet all Responsabilitéit fir déi versichten Attack zeréckgewisen.
D'EU an d'NATO stinn hannert Däitschland
D'Deputéierten aus der Chamberkommissioun Aussepolitik, hunn de Moien op dës Noricht reagéiert. D’Relatiounen tëschent Europa a Russland wier beschiedegt, esou de Bilan.
D’Reaktioun vun der däitscher Regierung op dee “ganz uergen Tëschefall” war ugemooss, seet de President vun der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber, Gusty Graas:
“Op alle Fall ass dat hei e ganz kloert Signal, och u Russland, dass de Bou hei iwwerspaant ginn ass an dass een op déi dote Manéier an Zukunft net ka weiderfueren.”
Den DP-Politiker stellt an deem Kontext och d’Fro, ob net den Artikel 4 vum NATO-Vertrag misst a Betruecht gezu ginn. Dee seet, datt Berodungen ze féiere sinn, wann e Memberstat Gefore vu baussen ausgesat gëtt.
Wéi schützt Lëtzebuerg seng kritesch Infrastruktur?
An den Ae vum Yves Cruchten ass Russland amgaangen, eis Resilienz ze testen, an den Tëschefall zu Leipzig wär keng abstrakt russesch Provokatioun méi gewiescht. Den LSAP-Deputéierten hat och am Januar an enger Kommissiounssëtzung gefrot wéi mir zu zu Lëtzebuerg eis kritesch Infrastruktur schützen?
"Mir wäerten net méi spéit wéi haut de Mëtten nach eng Demande erausschécken, dass déi Kommissiounssëtzung e Follow-up kritt.”
Nieft dem Fait, eng “besonnen Äntwert” op d’russesch Menacen ze fannen, bräicht et engersäits weider Sanktioune géint Moskau an heiheem e Schutz vun der kritescher Infrastruktur.
Fir de Laurent Zeimet dann ass et net de Moment, fir sech auseneen dividéieren ze loossen oder aus Angscht viru Russland an d’Knéien ze goen.
ä et muss een och Russland ganz kloer soen, datt egal wat se do wëlle maachen, eist Engagement fir e fräit Europa a kenger Weis a Fro gestallt ass.”
Och am Grand-Duché misst een um qui-vive sinn, viru Russland, a sengem President Wladimir Putin, deen dëse Krich géint Europa lancéiert hätt, betount den CSV-Fraktiounschef.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den NATO-Chef Mark Rutte hunn Däitschland iwwerdeems hir Ënnerstëtzung verséchert.