Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Beirut - Santa Fe

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ronn 400 Auslänner a Palestinenser konnten d'Gazasträif verloossen

Richtung Ägypten

Ronn 400 Auslänner a Palestinenser konnten d'Gazasträif verloossen

Ronn 400 Auslänner a Palestinenser mat engem zweete Pass hunn haut d’Gazasträif a Richtung Ägypte verlooss.

auto_stories

1 min

Dem ägypteschen Ausseministère no géifen an der Gazasträif eng 7.000 Auslänner aus 60 Länner op hir Ausrees waarden.

Gëschter konnten eng éischte Kéier zënter dem Ufank vum Krich, Auslänner a Palestinenser mat engem zweete Pass, d’Küstegebitt verloossen.

An der Gaza-Sträif sinn iwwerdeems 55 weider Camione mat Hëllefs-Gidder ukomm, esou gëschter Owend de palestinenseschen Hallef-Mound.

Der UNO no missten all Dag 100 Camionen ukomme, fir déi iwwer zwou Milliounen Awunner mat deem Néidegsten ze versuergen.