Vun den 186.000 Flüchtlingen sinn der 130.000 eleng an Italien registréiert ginn. Dat waren 83 Prozent méi, ewéi déi selwecht Zäit am Joer virdrun. Et sinn awer och 2.500 Migranten erdronk, oder gëllen als vermësst.
Eng ganz héich Donkelziffer
Méi wéi 11.600 Kanner sinn tëscht Januar a Mëtt September eleng iwwer d‘Mëttelmier an Italie geflücht. Dat ware 60 Prozent méi wéi wärend der nämmlechter Period d‘lescht Joer. Dat deelt d‘UNICEF an engem Communiqué mat. D‘Unzuel u Mënschen, déi wärend der Iwwerfaart verschwannen oder stierwen, hätt sech vum leschten op dëse Summer verdräifacht, op 990, dorënner och Kanner. D‘Donkelziffer wier awer wuel nach vill méi héich.
Appell vun der UNICEF: Méi Schutz fir d'Kanner
Wa si et bis an Europa packen, géifen onbegleete Mannerjäreger heefeg an zoue Centre-d‘accueilen bruecht ginn. Aktuell wieren der dat an Italien méi wéi 21.700. An do kéimen si nëmme schwéier nees eraus. D‘Mëttelmier wier ee Kierfecht gi fir Kanner an hir Zukunft. D‘UNICEF appelléiert an hirem Schreiwes un d‘Regierungen an un d‘EU fir de Schutz vu Kanner an der Migratioun a vun hire Rechter ze verbesseren an ze stäerken.