Radioen

On air

Notturno  |  Airship 81, Them Lights - Mysterious Lights (Airship81 Rework)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Roberta Metsola mat grousser Majoritéit als EU-Parlamentspresidentin gewielt

Europaparlament

Roberta Metsola mat grousser Majoritéit als EU-Parlamentspresidentin gewielt

Op hirer éischter Sitzung huet eng grouss Majoritéit vun de 720 Europadeputéierten d’Roberta Metsola als Presidentin vum neien Europaparlament gewielt. Alle sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert hu fir d’Malteeserin gestëmmt.

auto_stories

3 min

Déi malteesesch Konservativ Politikerin stoung och am viregte Parlament zënter Januar 2022 un der Spëtzt vun der EU-Institutioun. Si gouf elo op en neits fir zwee an een halleft Joer op dee Poste gewielt.

Roberta Metsola mat 562 Stëmme gewielt

Nodeems sech d’Staats- a Regierungscheffen Enn Juni op ee Pak vun den Top Jobs eens gi waren, stoungen d’Chancë vun der Roberta Metsola méi ewéi gutt. Am Fong ass de Posten un der Spëtzt vum Europaparlament net offiziell Deel vun deem Pak, mee e gëtt do awer eigentlech mat verhandelt a consideréiert. 

Déi eenzeg Géigekandidatin koum vun deene Lénken, mat där spuenescher Europadeputéiert Irene Montero. Dat war awer éischter symbolesch. Si krut um Enn just 61 Stëmmen. Vun den 623 Europadeputéiert, déi mat ofgestëmmt hunn, hunn der 562 fir d’Roberta Metsola gestëmmt.

"D’Parlament muss gestäerkt ginn." Dat sot d’Roberta Metsola an hirer Ried. Si huet och betount, datt et misst eng Plaz sinn, wou all Zort vu Mëssbrauch Bedruch ass, wou d’Personal sech misst sécher spieren. Domat huet déi al an déi nei Presidentin och op déi verschidde Fäll vu Mobbing oder Harcèlement ugespillt, an der leschter Legislaturperiod, woura jo och déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo dra verwéckelt war.

De Korruptiounsskandal - de “Qatargate” -  hannert sech loossen: Dat ass de Message, deen d’Roberta Metsola iwwerdeems gäre wëll erausginn.

Lëtzebuerger EU-Deputéiert all fir Metsola

Déi al an nei Parlamentspresidentin konnt op ee breede Support queesch duerch d’Parteien zielen.

Esou guer déi riets-national Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer hat annoncéiert, datt déi grouss Majoritéit vun hire Membere fir d’Roberta Metsola stëmmt.

Och de Fernand Kartheiser huet dat gemaach, sou den ADR-Europadeputéierten op eis Nofro hin.

All déi aner fënnef Lëtzebuerger Europadeputéiert, also de Chareles Goerens vun der DP, de Christophe Hansen an d’Isabel Wiseler-Lima, allebéid vun der CSV, de Marc Angel vun der LSAP an d’Tilly Metz vun deene Gréngen hunn der Malteeserin hir Stëmm ginn.