De Réckschlag bei senger Douanestaxe-Politik, déi vum Ieweschte Geriicht ofgeleent gouf, huet den Trump erofgespillt an drop verwisen, hie géif Douanestaxen iwwer aner Weeër duerchsetzen. D‘USA wieren nees staark. Et wier e gëllent Zäitalter fir d'USA, esou den Donald Trump.
Seng Popularitéitswäerter an de Sondagë sinn an de leschte Méint gefall. Um internationale Plang huet den Trump dem Iran nees indirekt mat enger militärescher Attack gedreet, wann et keng diplomatesch Léisung bei de Verhandlungen iwwer den iraneschen Atomprogramm gëtt.
Äishockey-Dammen hunn d'Invitatioun ofgeleent
Dem Donald Trump seng Ried huet eng Stonn a 50 Minutte gedauert. Hien huet domat de viregte Rekord vum Bill Clinton iwwertraff.
Déi amerikanesch Äishockey Härenekipp war do a gouf wéinst hirer Goldmedail bei den Olympesche Wanterspiller geéiert. D‘Dammenekipp, déi och Gold gewonnen huet, hat d‘Invitatioun ofgeleent, wéinst anere Verflichtungen, heescht et offiziell.