search

/ Fastfood-Restauranten am Boom - Zuel u lokale Bäckereien a Metzler geet zeréck

Commerce

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Fastfood-Restauranten am Boom - Zuel u lokale Bäckereien a Metzler geet zeréck

De Liewensmëttelhandel an den Horeca-Secteur sinn déi grouss Gewënner am Retail Rapport 2026. De Bericht vum Observatoire national des PME analyséiert d’Situatioun vum Commerce am Land. Bei der Alimentatioun an de Restauranten gëtt et en däitlechen Zouwuess.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

Dat, obwuel d‘Surface de Vente pro Awunner um déifste Punkt ukomm wier, säit gemooss gëtt, esou den Ekonomiesminister Lex Delles. Grënn dofir wieren engersäits, datt d'Populatioun méi séier wiisst, wéi d'Zuel vun de Commercen. Anerersäits géif och d'Croissance vum Online-Handel eng Roll spillen. 

Virun allem am Fast-Food-Beräich géif ee staarken Zouwuess feststellen. D'Unzuel u Caféë wier iwwerdeems weiderhi liicht zeréckgaangen. Manner Butteker ginn et an de Beräicher Moud, Bricolage a Miwwelen, grad ewéi Elektronik. 

Niddregste Leerstandstaux zënter véier Joer 

Wat déi eidel Geschäftsflächen ugeet, do kéint een awer elo, no schwierege Joren, opootmen, esou den Ekonomiesminister Lex Delles. 

"Beim Leerstand gesi mer eng positiv Entwécklung, also amfong eng negativ Entwécklung vum Leerstand. Et gëtt manner Leerstand wéi virdrun, wat awer ganz positiv ass fir d'Land."

Zu Lëtzebuerg wier een elo vun engem Piik 2023 mat 12,4 Prozent Leerstand op deen niddregste Stand zënter véier Joer komm mat 11,3 Prozent Leerstand, esou de Lex Delles. 

"Mir gesinn allerdéngs en Ënnerscheed tëschent de Stadzentren, 13,3 Prozent, an de Centre commerciaux, 5,3 Prozent. Mee déi zwee sinn och allen zwee deen niddregsten zënter véier Joer, soudatt mer also am Leerstand deen niddregsten Taux zanter véier Joer hunn." 

Bäckereien a Metzlereien an de Centre commerciauxen

Den Trend, datt lokal Bäckereien a Metzleren aus de Stied an Dierfer verschwannen, setzt sech iwwerdeems fort, huet den Tom Baumert vun der Luxembourg Confederation präziséiert. 

An de leschte Méint hätte siwe weider esou Geschäfter zougemaach. Hei kéint een allerdéngs zwou ënnerschiddlech Entwécklungen observéieren. Wärend Bäckereien a Metzleschbutteker zwar aus den Uertschafte verschwannen, géif een an de Centres commerciaux e liichte Wuesstem erkennen.

Beim Retail Rapport handelt et sech dem Minister Lex Delles no ëm e wichtegen Outil souwuel fir déi national Politik wéi och fir déi kommunal Acteuren, fir d’Stadzentre kënnen attraktiv ze halen.

play_arrow Lauschteren