Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Resultater zu Lëtzebuerg am Iwwerbléck

Een Dag no den Europawalen

D'Resultater zu Lëtzebuerg am Iwwerbléck

Europa huet gewielt. A wéi erwaart kënnen d‘Rietsparteien a ville Länner grousse Succès feieren. Wéi huet Lëtzebuerg gewielt? D'Resultater vu Lëtzebuerg am Iwwerbléck.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock

De Charles Goerens vun der DP ass mat iwwert 86.000 Stëmmen dee Politiker, dee landeswäit déi meescht Stëmme krut. Op déi zweete Plaz kënnt de Christophe Hansen vun der CSV mat 79.000 Stëmmen.

Luc Frieden: Christophe Hansen soll EU-Kommissär ginn

De Premier an CSV-President Luc Frieden huet gëschter Owend direkt däitlech gemaach, datt de Christophe Hansen nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär soll ginn.

Säi Mandat am Europaparlament huet den LSAP-Politiker Marc Angel mat knappe 70.000 Stëmmen verdeedegt. Och am neien Europaparlament weider vertruede sinn d‘Isabel Wiseler-Lima genee wei och d‘Tilly Metz vun de Gréngen. Wann de Christophe Hansen Kommissär gëtt, dierft d‘Martine Kemp dat zweet CSV-Mandat zu Stroossbuerg erëm iwwerhuelen.

DP an déi gréng sinn d'Verléierer

Zu de grousse Verléierer a Stëmme gëllen zu Lëtzebuerg déi gréng déi iwwer 7 Prozent par rapport zur leschte Kéier verléieren. Fir d‘DP war et e Minus vun 3,15 Prozent.

Bei de leschten Europawalen hat d‘DP jo en zweete Setz mat der Monika Semedo gewonnen. Déi war bei Fokus gewiesselt a gouf gëschter mat där Partei nëmmen déi 44. vun 78 Kandidaten. Den zweete Spëtzekandidat vu Fokus, de Frank Engel, koum op déi 38. Plaz.

LSAP, CSV an ADR hu bäigewonnen

De gréisste Stëmmenzouwuess awer gouf et gëschter fir d‘LSAP. Si konnten 9,5 Prozentpunkte par rapport zu de leschte Wale bäileeën. Och d‘CSV an d‘ADR hu par rapport zur leschter Kéier bäigewonnen.

D‘LSAP hat eng Parti prominent Käpp op hirer Lescht. D‘Liz Braz ass gëschter dobäi weider op der Well vum Erfolleg geschwommen: Si ass landeswäit op iwwer 57.000 Stëmmen, an domat op déi 5. Plaz komm. Dat si ganzer 6.000 Stëmme virum Mars Di Bartholomeo. De Franz Fayot krut iwweregens mat 41.000 Stëmmen 10.000 Stëmme manner ewéi de Mars di Bartholomeo a kënnt op déi 14. Plaz.

Wee réckelt an der Chamber no?

D‘Resultater vun den Europawalen hunn och eng Repercussioun op dat nationaalt Parlament. De Christophe Hansen vun der CSV verléisst déi national Politik. Nächst gewielten op der CSV Lescht am Norden ass de Jean-Paul Schaaf, och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wiesselt op Stroossbuerg.

Den nächst gewielten op der ADR Südlëscht war den Dan Hardy, deen also e Setz um Krautmaart kritt.