Radioen

On air

Moiesstudio  |  EU viséiert Bëlleg-Portaler wéi Temu a Shein

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Republikanesch Fernsehdebatt nees ouni den Trump

Walkampf an den USA

Republikanesch Fernsehdebatt nees ouni den Trump

An den USA war gëschter eng weider Fernsehsdebatt vu Kandidate fir déi republikanesch Presidentschaftskandidatur. fënnef Leit stoungen op der Bün. Si sinn an Ëmfroen awer all weit ofgeschloe par rapport zum parteiinterne Konkurrent Donald Trump.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza)

Et war schonn déi drëtt Diskussiounsronn an erëm huet den Trump gefeelt. D‘Debatte war am Bundesstaat Florida zu Miami. Den Trump ass eng 20 Kilometer vun do ewech viru senge Fans opgetrueden.

Haaptcible an der Fernsehsdebatt war iwwerdeems déi fréier UN-Ambassadrice Nikki Haley, déi sech a rezenten Ëmfroe kloer konnt un de Gouverneur vu Florida, de Ron DeSantis, eruschaffen.