Radioen

On air

Concert  |  E Lëtzebuerger Rising Star: Benjamin Kruithof

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Reouverture vun der Notre Dame wärend d'Sich no Regierung weider geet

Frankräich

Reouverture vun der Notre Dame wärend d'Sich no Regierung weider geet

Déi feierlech Reouverture vun der Notre Dame zu Paräis ass haut den Owend. Dat 5 Joer nom Brand. Um 19 Auer ginn d‘Diere fir Honnerte Gäscht an Dosende Staatscheffen op.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Stephane Rouppert
Foto: picture alliance / NurPhoto | Stephane Rouppert

Ënner anerem de Grand-Duc Henri wäert dobäi sinn. Och den ukrainesche President Wolodymr Selenksyj an de gewielten US-President Donald Trump reese fir d‘Ouverture op Paräis. 

Parallel sicht den Emmanuel Macron nach ëmmer no enger neier Regierung. Do ass d‘Unioun op der Gauche – den Nouveau Front Populaire am gaangen ze zerbriechen. E Freideg war den Olivier Faure, Generalsekretär vum PS beim Macron fir Gespréicher iwwert eng méiglech Majoritéit. Schaarf Kritik dorunner koum vun der LFI – der France Insoumise. Si hunn dann och d‘Invitatioun fir Gespréicher e Méindeg mam Macron ofgewisen. Si wiere prett Regierungsverantwortung z‘iwwerhuelen, mee dat just, op Basis vum Programm mat deem si gewielt goufen, heescht et.