Radioen

On air

Notturno  |  Dhaima - Reggae On Sunset

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Relatiounen tëscht China an den USA solle manner rau ginn

China - USA

Relatiounen tëscht China an den USA solle manner rau ginn

China huet eng diplomatesch Offensiv lancéiert, de Toun mat den USA soll manner rau ginn. Nach des Woch reest de chineeseschen Ausseminister Wang Yi op Washington. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Mam amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken solle bilateral , regional a global Themen zur Sprooch kommen. Et wéilt een och permanent diplomatesch Kanäl schafe fir d‘Krisekommunikatioun ze verbesseren.

D‘Relatiounen tëscht béide Staate waren an der lescht op engem Déifpunkt ukomm, ënner anerem wéinst der Taiwan Fro. Observateure ginn dovunner aus dat de chineesesche President Xi Xiping nach dëst Joer kéint d‘USA besichen.