Radioen

On air

Concert  |  Das Koolies - Som Bom Magnifico

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reklammen an der Boîte: Net méi ouni Averständnis

Fir manner Pabeier ze verbrauchen

Reklammen an der Boîte: Net méi ouni Averständnis

Zanter dem 1. Januar dierfe keng Reklamme méi an d‘Boîten hei am Land geheit ginn, ausser et ass dem Proprietär säin ausdréckleche Wonsch.

auto_stories

1 min

Dofir brauch et entweder en deementspriechende Sticker op der Boite, oder de Reklammendistributeur huet säi schrëftlechen Accord. D‘Emweltverwaltung huet haut Erklärungen zu der Moossnam erausgeschéckt, déi Deel war vum neien Offallgesetz. Concernéiert sinn alleguerten d‘Reklamme mat kommerziellem Charakter. Dozou gehéieren net Dokumenter vun Asbl‘en, ONGen, politesche Parteien oder reliéise Communautéiten, Dokumenter vun ëffentlechen Instanzen, déi d‘Bierger iwwer Projeten oder Evenementer informéieren an och net gratis Informatiounsblieder.