Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi schwiereg Regierungsformatioun a Frankräich

No de Walen

Déi schwiereg Regierungsformatioun a Frankräich

A Frankräich lafen dräi Deeg no der Wal d’Preparatioune fir d’Regierungsbildung op Héichtouren. De Walgewënner Nouveau Front Populaire wëll an den nächsten Deeg ee Kandidat oder eng Kandidatin fir d’Amt vum Premier proposéieren. De President Macron allerdéngs dréckt op d’Bremspedall. D’Regierungsformatioun wéist: Frankräich riskéiert e politesche Stëllstand, mengt de Max Tholl a senger Chronik. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Assemblée nationale | © picture alliance / | Daniel Kalker play_arrow
Foto: picture alliance / | Daniel Kalker

Hat d’Wal e Sonndeg e klore Gewënner? Dat kënnt dorop un, wien ee freet. Den Nouveau Front Populaire, deen déi meescht Sëtzer an der neier Assemblée Nationale gewonnen huet, ass op alle Fall iwwerzeegt, datt de President hinnen d’Regierungsformatioun muss iwwerloossen. Am Regierungslager wëll een awer keng kloer Victoire vum Nouveau Front Populaire unerkennen.

Den Emmanuel Macron selwer wëll elo och näischt iwwerstierzen, wëll waarde bis d’Allianzen an der néier Nationalversammlung endgülteg stinn a bis dohin den Nach-Premier Gabriel Attal am Amt halen. Den Nouveau Front Populaire huet gëschter awer an engem Communiqué gewarnt, datt den Interim vum Attal wéi e Versuch kéint wierken, d’Walresultat vun e Sonndeg ze ignoréieren, an datt de President hinnen elo sou séier ewéi méiglech sollt d’Regierungsformatioun uvertrauen, Si wieren nämlech "ab haut prett fir d’Rudder ze iwwerhuelen." 

De Macron hofft op eng breet Koalitioun

Lénks dréckt een also op de Gas, de President awer zäitgläich op d’Brems, an dësen Zoustand kéint sënnbildlech fir déi nächst Méint oder Joren a Frankräich sinn. Dem Macron seng 'Hinhaltetaktik' ass Calcul. Hie weess, datt et bei der Lénksallianz intern Tensioune ginn. Leschten Dezember nach war mat der NUPES d’Virgängerbündnis vum Nouveau Front Populaire un interne Streidereien zerbrach. Virun allem, well d’Lénkspartei La France Insoumise mat hire Positiounen an interne Streidereie bei deenen aneren ugeeckt ass.

De Macron hofft wuel, datt och dës Kéier ee Käil tëschent d’Bündnispartner ka gedriwwe ginn an sech eng Chance fir seng Partei opdeet, eng breet Koalitioun mat de Republikaner, de Sozialisten an den Ekologisten anzegoen. Gëschter sot d’sozialistesch Buergermeeschtesch vun Nantes, d’Johanna Rolland, eng Allianz mat gewësse lénke Macroniste wéilt een net ausschléissen. Och hire Parteifrënd Raphaël Glucksmann schwätzt sech haut am Nouvel Obs dofir aus. Ob een dës Meenung awer och bei La France Insoumise deelt, dierf bezweifelt ginn. Wat bal ausser Fro steet ass awer de Fakt, datt déi nächst franséisch Regierung, egal wéi se sech zesummesetzt, e schwéiere Stand wäert hunn. 

Politesch Instabilitéit: Bréissel mécht sech suergen

E Sonndeg ass zwar de schlëmmsten Zenario, nämlech eng absolut Majoritéit fir de rietsextreme Rassemblement National, verhënnert ginn, mee amplaz vun enger Katastroph dominéiert elo d’Ongewëssheet d’Land. Den Nouveau Front Populaire huet een ambitiéise Programm, wëll ënner anerem déi ëmstridde Pensiounsreform vum Macron duerch eng eegen ersetzen, mee et bleift onkloer, wéi een dat ouni absolut Majoritéit packe wëll.

Dës politesch Instabilitéit iwwerdréit sech awer och iwwert d’Grenzen ewech a suergt zu Bréissel fir Suergefalen. Kann den Emmanuel Macron no den Defaitë bei der Europawal an de Legislativwalen nach als Leader, als Undreiwer an Europa optrieden? Wéi glafwierdeg ass ee President op der europäescher Bün, deem dat eegent Vollek schonn néit méi vertraut? Déi politesch Géigner vun de Rietsextreme mussen oppassen, datt si elo kuerz no der Defaite vum RN net de Grondstee fir eng zukünfteg Victoire vun dësem leeën.

Lauschterenplay_arrow

Max Tholl (Paräis)