Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Drifting Away

play_arrow Live
search

/ Réckweisungen an den USA: Supreme Court stäipt dem Donald Trump de Réck

"Alien Enemies Act" als legal Basis

Réckweisungen an den USA: Supreme Court stäipt dem Donald Trump de Réck

Dat Iewescht Geriicht an den USA erlaabt mat engem Grondsaz Urteel der Regierung, Migranten ouni Pabeieren auszeweisen. D'Supreme Court huet dem Donald Trump de Réck gestäipt fir de sougenannte „Alien Enemies Act“ aus dem 18. Joerhonnert als legal Basis fir Ausweisungen ze benotzen.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Op dat Gesetz, wat bis elo just am Fall vu Krich benotzt gouf, haten de President a seng Regierung sech beruff, fir 250 venezuelanesch presuméiert Kartell-Memberen an den El Salvador kënnen auszeweisen. E Riichter hat dat awer blockéiert. 

D'Supreme Court huet elo d'Applikatioun vum "Enemies Act" fir Ausweisunge vu Migrante gutt geheescht, mat 5 Jo géint 4 Nee Stëmmen ënnerstëtzt. Als Konditioun gëllt awer ënner anerem, datt déi Betraffen d‘Méiglechkeet musse kréien, rechtlech géint hir Expulsioun virzegoen.