Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Tulipe (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Réckbléck op d’Chamberwalen 2023

Schwéierpunkt

Réckbléck op d’Chamberwalen 2023

No zéng Joer war Schluss mat der Dräier-Koalitioun vun DP, LSAP an deene Gréngen. Lëtzebuerg huet erëm eng CSV-DP-Regierung, wéi fir d’lescht vun 1999 bis 2004. Den CSV-Politiker Luc Frieden huet de 17. November de Xavier Bettel als Premier ofgeléist. Dat sinn zentral Konsequenzen aus de Chamberwalen 2023. 

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Bei de Chamberwalen huet d’CSV sech - no zéng Joer an der Oppositioun - a Prozenter liicht verbessert, an ass a Sëtzer stabil bei 21 bliwwen. D’DP huet vun alle Parteien am stäerksten dobäi gewonnen an huet 14 Sëtzer erreecht. Zesumme komme béid Parteien also op 35 vu 60 Mandater an der Chamber. Den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden um Walowend:

"Déi blo-rout-gréng Majoritéit gëtt et net méi. Dës Regierung huet net... (...) D’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger hunn der CSV haut de kloren Optrag ginn, déi nächst Regierung ze bilden."

Xavier Bettel: déi meescht Stëmme fir den Ex-Premier

D’CSV ass bei dëse Walen awer net iwwer 21 Sëtzer eraus komm: dozou de Luc Frieden den 8. Oktober am 100,7-Interview.

"Bei Wale geet et ëmmer bei null un. An ech fannen, wann een 21 Sëtz kritt, an engem Land, wou et esou vill Parteie ginn, dann ass dat fir mech eng ganz grouss Satisfaktioun. Dat si siwe Sëtz méi wéi déi zweete Partei."

Bei dëser zweetstäerkster Partei, der DP, huet de Parteipresident Lex Delles den Usproch Deel vun der neier Regierung ze sinn, den Dag no de Wale widderholl.

"Ech gesinn, dass d’Demokratesch Partei aus deene Walen hei gestäerkt eraus gaangen ass. Mir hu prozentual an all Bezierk bäigewonnen, mir sinn op 14 Sëtz komm, esou dass mir deen Usproch och hunn."

Den DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel huet vun alle Kandidaten déi meeschte Stëmme kritt. Seng Zäit als Premier un der Spëtzt vun der Dräierkoalitioun ass awer op een Enn gaangen.

"Ech hu gutt geschafft mat der LSAP a mat deene Gréngen déi lescht zéng Joer. Ech muss dat zouginn, dass ech och gäre mat hinne geschafft hunn. Mee mir sinn an enger Demokratie a wann de Wieler decidéiert huet, dass hien eppes anescht wëll, dann ass dat esou, dann ass dat ze respektéieren."

Weder déi gréng, nach LSAP an der Regierung

No der Formatioun vun der neier CSV-DP-Regierung ass de Xavier Bettel Ausseminister ginn, als Nofollger vum Jean Asselborn, dee säi Mandat an der Chamber net ugeholl huet. D’LSAP-Spëtzekandidatin Paulette Lenert war bei de Walen ugetruede fir déi éischt Premierministerin hei am Land ze ginn: doraus sollt näischt ginn.

"Mir sinn elo Mol an éischter Linn frou, dass mir gutt Resultater gemaach hunn. Mir sinn insgesamt gestäerkt ginn. Ech mengen et ass dat, woufir een untrëtt a Walen."

D’LSAP huet am Verglach mat 2018 ee Sëtz dobäi gewonnen, an d’Partei hat sech Hoffnung op Gespréicher mat der CSV gemaach, wéi d’Parteipresidentin Francine Closener den 9. Oktober virum Palais erkläert huet.

"Mir hunn zesumme festgestallt, dass d’LSAP zweetstäerkste Partei ass, zu de Walgewënner gehéiert an och kompromëssbereet ass an dialogbereet ass fir och Partner ze sinn an enger neier Regierung."

Och doraus sollt – wéi gewosst – näischt ginn.

Ganz schlecht sinn d’Chamberwale fir déi gréng ausgaangen, wat eng Fortsetzung vun der Dräierkoalitioun onméiglech gemaach huet. D’Partei huet mat der Spëtzekandidatin Sam Tanson fënnef Sëtzer verluer, an huet der just nach véier behalen.

"Et fält natierlech méi schwéier elo no vir ze kucken, wéi wa mir ee gutt Resultat gemaach hätten. Mee mir wäerte weider astoe fir eng Politik hei am Land, déi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt an déi dobäi eis Biodiversitéit an eist Klima net vergësst. Eng Politik, déi fir Gerechtegkeet suergt."

Déi gréng hu keng Fraktiounsstäerkt an der Chamber méi.

ADR, Piraten an déi Lénk

Fir d’ADR, déi sech op fënnef Deputéierter verbessert huet, ass dat awer elo de Fall. De Parteipresident Fred Keup um Owend vum 8. Oktober:

"Ech hu gesot virun e puer Méint, eist Zil wier et, déi gréng ze iwwerhuelen. Och dat hu mir gepackt. Et ass deemools gesot ginn, nee dat ass net méiglech, dat ass verréckt. Mir hunn et gemaach."

D’Piratepartei huet sech bei de Chamberwale vun zwee op dräi Sëtzer verbessert: Et wier ee mat engem Programm gestäerkt ginn, deen net alles versprach hätt, anescht wéi dee vun der ADR, esou de Sven Clement.

"Mir sinn net Fräibéier-fir-Jidderee-Partei. Et deet mir e bësse wéi, datt et haut den Owend scheinbar esou ausgesäit, als hätt Fräibéier-fir-Jiddereen et e bësse méi einfach gehat. An dat sollt eis motivéieren, fir eis Iddien d’nächst Kéier nach besser ze erklären."

Méi erklären, dat wëll no dëse Chamberwalen och déi Lénk, esou de Spriecher Gary Diderich: d’Partei bleift mat zwee Deputéierten an der Chamber vertrueden, si huet awer am Verglach mat 2018 gutt annerhallwe Prozentpunkte verluer.

"Mir musse konsequent anti-faschistesch Aarbecht och erëm maachen. Wa mir kucken, wat dat dote Resultat ass. Mir musse Bildungsaarbecht och maachen um Terrain, méi no bei de Leit."

Vun den 13 Parteien, déi bei de Chamberwalen 2023 ugetruede waren, sinn der siwen an der Chamber vertrueden: et sinn déi selwecht siwe Parteien, wéi virun de Walen.

Lauschterenplay_arrow