search

/ Rechnungshaff zitt Bilan vum Budget 2025: Wuesstem an Emploi wieren iwwerschat ginn

National

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Rechnungshaff zitt Bilan vum Budget 2025: Wuesstem an Emploi wieren iwwerschat ginn

Bei der Opstellung vum Budget 2025 wär de Wuesstem iwwerschat ginn, grad wéi den Emploi. Wat zur Konsequenz hat, datt déi direkt Steieren erofgaange sinn, esou d’Cour des Comptes. No enger Entrevue mam Gilles Roth fuerdert CGFP iwwerdeems a Punkto Budget e "Wee a Richtung soziale Fridden".

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D’Cour des Comptes huet de Statsbudget 2025 ënnert d’Lupp geholl an an der zoustänneger Chamberkommissioun hir Recommandatioune virgestallt. 

De Wirtschaftswuesstem an den Emploi wieren däitlech manner staark geklomme wéi uganks geduecht an d'Depensë wieren ëm bal ee Prozent méi héich ausgefall. Staark geklomme wieren allerdéngs d’Recetten op déi finanziell Operatiounen.

Steierrecetten um Tubak 

Déi international Situatioun wier ganz onkloer an d’Zuelen déi am Budget festgehale gi kéinte séier variéieren, notéiert d’Cour des comptes. D’Nohaltegkeet vu verschiddenen Steierrecetten, misst och ënnert d’Lupp geholl ginn - besonnesch déi vum Tubak. Hei wier ee schonn op dënnem Äis seet de Vize-President vun der Cour des Comptes de Patrick Graffé.

"An deenen nächste Joere sinn déi bei bal 1,7 Milliarden, an dann hu mer déchet fiscalen déi mer elo nach hunn an d'Soutenabilité vun de finances publiques - mir dinn d'Zänn elo scho wéi"

Aféierung vun enger Zockersteier

Dowéinst misst een nei Steieren aféieren, ewéi zum Beispill eng Zockersteier, esou de  Patrick Graffé. Och d’Josée Lorsché Deputéiert vun déi gréng ass fir eng Zockersteier. Dës géif engersäits Krankheete verhënneren um Niveau vun Diabetes an Iwwergewiicht. Anersäits wier och bewisen, datt dës Stéier gräift, notamment a Groussbritannien.

Wichteg wier et och de reellen Impakt vu verschidde Steierreformen ze analyséieren notéiert de Sven Clement, Deputéiert vun de Piraten. 

"Cours nennt selwer dräi Beispiller, d'Steierreform, wou et keng Géigefinanzéiere gëtt. D'Accisen, wou sech kee wierklechen Impakt weeder op der Pompel nach am Budget feststelle léisst an dann natierlech och d'Rofsetze vun der Betribsbesteierung."

Wat bréngt eng Steiermoossnam a wie profitéiert dovunner, freet de Gary Diderich Députéeirte vun déi Lénk. 

"Ech kann et verstoen bei engem Tankrabatt, datt een do mol kuerzfristeg an enger Kris eng Reduktioun vun Accisen zum Beispill mécht, dat hu mir och mat ënnerstëtzt. Par contre am Logement oder och bei der Betribssteier sinn dat virun allem Reduktiounen, déi deenen zegutt kommen, déi domadder weider Benefisser maachen."

Steierreform 2028

Fir d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert ass et ee bewosste Choix vun de Majoritéitsparteien. 

"Ech mengen, et ass och ëmmer e politesche Choix wou ee seet, mir wëlle gär d'Leit breet entlaaschten. Dat huet natierlech säi Präis. Mee mir hunn nach ëmmer net eng voll Berengegung vun der Steiertabell un d'Inflatioun. Dat fléisst jo alles mat an déi Reform an."

Fir den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana markéiert déi Politik net nëmmen 2025 mee och déi zukünfteg Budgeten.

A Saache geplangte Steierreform, huet de Vize-President vun der Cour des Comptes Patrick Graffé betount, datt dës e Réckgank vun Steieren ëm 900 Milliounen Euro géif duerstellen. Eng Zomm, mat där ee kéint zwee nei Lycéeë finanzéieren. Wat d’Statsschold betrëfft, huet de Patrick Graffé recommandéiert, datt een op der Recettësäit misst nei Steieren aféieren. 

CGFP: Kafkraaft wier Grant vum soziale Fridden

Wat de Statsbudget fir dat anert Joer ugeet, fuerdert d’Staatsbeamtegewerkschaft e kloer Wee a Richtung soziale Fridden. Dat no enger enger Entrevue mam CSV-Finanzminister Gilles Roth vun der Regierung.

Am Hibléck op dee soziale Fridde wär d’Kafkraaft e Garant dofir, esou d’CGFP an hirem Presse-Communiqué. Staatsbeamtegewerkschaft verlaangt, datt Steiergerechtegkeet kee Lëpsebekenntnis dierft sinn. Iwwerdeems misst de Wunnengsbau am Fokus vun der CSV/DP-Koalitioun bleiwe. 

play_arrow Lauschteren