Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno - Needles In The Camel's Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Enseignantsgewerkschafte reagéieren op de Koalitiounsaccord

SNE an SEW

D'Enseignantsgewerkschafte reagéieren op de Koalitiounsaccord

Een oppene Kommunikatiounsstil an d’Lauschteren op d’Enseignanten um Terrain fuerderen d’Enseignantsgewerkschaften SNE an SEW. Am iwwer 15 Säite laangt d’Kapitel iwwer d’Educatioun am frësch ënnerschriwwene Koalitiounsaccord gesinn den SNE an den SEW eng Rei positiv Saachen. An awer géif et hei nach Loft no uewen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Educatioun | © Bigstock / jd8 play_arrow
Foto: Bigstock / jd8

Iwwer 15 Säite laang ass d’Kapitel vun der Educatioun am frësch ënnerschriwwene Koalitiounsaccord. Vum Ofschafe vun de Sektiounen am Lycée, bis hin zu dräi neien internationale Schoulen - den neien an alen Educatiounsminister Claude Meisch huet sech villes virgeholl. Dorënner wieren eng Rei positiv Saachen, soen d’Gewerkschaften am Educatiounsberäich, den SEW an den SNE. Bei anere Punkte géif et awer nach vill Interpretatiounsspillraum ginn. 

D‘Educatioun bleift ee grousse Chantier

D’Gewerkschaften erhoffe sech een oppene Kommunikatiounsstil vum neien-ale Minister Claude Meisch, an datt op d’Enseignanten um Terrain gelauschtert gëtt. D’Educatioun ass a bleift nämlech eng grouss Erausfuerderung, do sinn sech béid Gewerkschaften eenz. D’Joëlle Damé, Presidentin vum SEW:

“Mir gesinn: et gëtt net besser, d’Defie sinn nach ëmmer do, de Chantier ass nach ëmmer immens grouss. Et ass wuel sécher, datt de Minister Meisch sech do net muss nei aschaffen, well hien den Dossier kennt. Mee dat mécht d‘Aarbecht, virun där hie steet awer net méi kleng.” 

Eng Rei Punkten am Koalitiounsaccord sinn nach vague

Vill Punkten am Koalitiounsaccord begréissen d’Gewerkschaften. Esou zum Beispill, datt de Sproochenunterrecht am Lycée soll iwwerduecht, an déi parallel Alphabetiséierung op franséisch an däitsch wëssenschaftlech evaluéiert soll ginn. Dëst wier awer nëmmen ee vu ville Punkten am Koalitiounsaccord, bei deenen et nach Interpretatiounsspillraum gëtt, sou nach d’Joëlle Damé.

“Eigentlech misst ee sech jo d’Fro stellen: wat brauche mir wann d’Kanner aus der Schoul kommen? Wat sinn déi Ziler déi mir eis setzen? An eisen Aen misst een dann zeréck kucken a soen – wat sinn d’Bedingunge wann d’Kanner an d’Schoul kommen a wéi kënne mir do eppes ausbauen? Esou eng Iwwerleeung hunn ech elo net am Koalitiounsaccord erëmfonnt. Ech hoffen awer datt dat hanner zouenen Diere gefouert gouf.”

D’Joëlle Damé kritiséiert ausserdeem, datt am Koalitiounsaccord näischt iwwert eng Formation en cours fir d’chargé de cours steet.

Loft no uewe beim Rekrutement op Master-Niveau

De President vum SNE Patrick Remakel gesäit och bei senger Fuerderung fir e Rekrutement op Master-Niveau nach Loft no uewen. Am Koalitiounsaccord gëtt kloer, datt de klasseschen Enseignant an der Grondschoul weider soll op Bachelor-Niveau rekrutéiert a bezuelt ginn – och wann an Zukunft méi Rekrutementer op Master-Niveau ugeduecht sinn. 

“Natierlech soen si elo, mir wëlle méi Leit op d’Iddi kréien. Dat ass eng gutt Saach, well mir brauche vill Enseignanten. Datt do lo probéiert gëtt, méi Leit op dee Wee ze kréien ass eng gutt Saach. Mee mir soen: dee Bachelor, dee mir do hunn, dee geet net duer. Mir mussen op Master-Niveau rekrutéieren.” 

An den Dossieren an deenen et brennt, misst elo séier agéiert ginn, betount nach de Patrick Remakel:

“An ech mengen ee vun deenen Dossieren ass wierklech d’Kanner mat spezifesche Besoinen. Dass déi schnell an onkomplizéiert déi Hëllef kréien, déi si brauchen. Do muss direkt agéiert ginn an dat erwaarde mir och vum Minister.” 

Vill Aarbecht fir de Claude Meisch

D’Verdeelung vun de Ressorten, also datt de Claude Meisch nieft der Educatioun och nach de Logement huet, wollt de Patrick Remakel net kommentéieren. An den Aen vun der Joëlle Damé brauch et awer vill Courage, dës zwee Ressorten ënnert een Hutt ze kréien.

Béid Gewerkschaften hunn elo wëlles, zäitno eng Entrevue beim Claude Meisch unzefroen, fir iwwer hir Doleancen ze schwätzen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik