Nach wollt d'Fraktiounscheffin am Europaparlament, d’Iratxe Garcia Perez net offiziell confirméieren, datt de Lëtzebuerger fir d’Partei vun den Europäesche Sozialisten (PES) de Mann un der Spëtzt fir déi nächst Europawalen ass.
Definitiv Decisioun fält den 2. Mäerz
Si wéisst bis elo näischt vun anere Kandidaten, esou awer d‘Spuenierin en Dënschdeg op eis Nofro. Den Delai fir sech ze mellen leeft haut, Mëttwoch, of. Iwwer hire Lëtzebuerger Parteikolleeg schwätzt si iwwerdeems an den héchsten Téin.
"Den Nicolas Schmit vertrëtt déi Wäerter a Politik, fir déi eis Partei steet. Hien huet als EU-Kommissär wichteg Decisiounen an der Sozialpolitik an d’Weeër geleet, wéi zum Beispill den europäesche Mindestloun. Hie representéiert dat Europa, wat mir wëllen, dofir hunn ech déi gréissten Estimatioun fir den Nicolas Schmit."
Nodeems de Generalsekretär vun der däitscher SPD, de Kevin Kühert, sech e Méindeg ëffentlech hanner den Nicolas Schmit als europawäite Spëtzekandidat gestallt huet genee wéi déi spuenesch Sozialisten, gëllt et als quasi sécher, datt de Lëtzebuerger um Kongress vun der PES offiziell nominéiert gëtt.
Manfred Weber: “EVP wünscht sich Wettbewerb in der Sache”
Schonn nees ee Lëtzebuerger als europawäite Spëtzekandidat? D’Konkurrenz hält sech an enger éischter Reaktioun zeréck mat Commentairen.
“Es ist nicht die Aufgabe der EVP, das zu kommentieren. Die Europäische Volkspartei wünscht sich einen lebendigen Wettbewerb in der Sache. Wir streiten und ringen als Demokraten um die Zukunft Europas.”
Sot eis de Manfred Weber, de Chef vun der Europäescher Vollekspartei, där déi Lëtzebuerger CSV ugehéiert.
Terry Reintke: “Nicolas Schmit bringt europäische Perspektive mit”
Eng europäesch Debatt ass wichteg, seet och eng potentiell Konkurrentin vum Nicolas Schmit. D’Terry Reintke ass Favorittin fir eng vun den zwou grénge Spëtzten ze ginn a freet sech op de Walkampf.
“Was Nicolas Schmit natürlich mitbringt, ist eine europäische Perspektive, weil er hier als Kommissar in den letzten Jahren gearbeitet hat und auch das widerspiegeln kann.”
Martin Schirdewan: “Schmit konnte sich nicht gegen konservativen Kurs duerchsetzen”
Et gëtt awer och Kritik un der Leeschtung vum EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales. Déi kënnt vum Martin Schirdewan, de Chef vun deene Lénken am Europaparlament:
"Nicolas Schmit ist sicherlich ein Kommissar, der sein Bestes gegeben hat, sich aber in der Kommission nicht durchsetzen konnte, gegen den sehr konservativen Kurs der Ursula von der Leyen."
Waarden op d‘Decisioun vun der Ursula von der Leyen
Kënnt et an deem Walkampf dann elo zur direkter Konfrontatioun tëschent dem Nicolas Schmit a senger eegener Cheffin Ursula von der Leyen? D’EVP decidéiert am Mäerz iwwer hir Spëtzekandidatur. Den Ament waart een do op eng Decisioun vun där däitscher CDU-Politikerin, esou de Manfred Weber.
"Ursula von der Leyen hat einen guten Job gemacht die letzten fünf Jahre, da war Europa in guten Händen. Sie hat sich selbst erbeten, Zeit zu haben, drüber nachzudenken, ob sie ein weiteres Mandat anstrebt, die Zeit geben wir auch. Aber wenn sie sich entscheidet wieder anzutreten hat sie in der EVP-Fraktion und in der Partei auf jeden Fall eine Poolposition für den Spitzenkandidaten-Job“
Marc Angel: Nicolas Schmit ass keng Konkurrenz
An den eegene Reie freet sech deen eenzegen aktuellen LSAP-Europadeputéierten drop, dee Walkampf zesummen ze maachen.
"Den Nicolas Schmit ass ee gudde Frënd vu mir, ech war laang Deputéierten, wéi hie Minister war. Do hu mer gutt zesummegeschafft. Mir hunn déi lescht Europawal-Campagne zesumme gemaach”
De Marc Angel ass deemools an d’Parlament nogeréckelt, nodeems den Nicolas Schmit EU-Kommissär gouf. D’Konkurrenz vum op d'mannst zu Lëtzebuerg prominenten LSAP-Kolleeg fäert hien net.
"Meng Roll ass eng ganz aner, den Nicolas Schmit strieft en Amt an der Exekutiv un, meng Ambitioun ass et Europadeputéiert ze ginn an och nach eng Kéier Vizepresident vum Europaparlament ze ginn. Ech war dat elo ee Joer, an ech géif dat gären nach eng Kéier maachen."
De Marc Angel hofft op een zweet Mandat fir seng Partei am Europaparlament. Nach steet awer net fest, ob den Nicolas Schmit selwer seng Kandidatur op der LSAP-Lescht zu Lëtzebuerg bei deene Wale stelle wäert.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.