Radioen

On air

Sot Emol  |  Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unisec-Direkter weist verschidde Kriticke vum Europarot zeréck

No kriteschem Rapport

Unisec-Direkter weist verschidde Kriticke vum Europarot zeréck

De Ralph Schroeder, Direkter vum Centre socio-educatif zu Dräibuer, ass net mat all de Kriticke vum Conseil de l'Europe un de Lëtzebuerger Anstalte fir Mannerjäreger averstanen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Unisec zu Dräibuer. Foto: Archiv

E Comité vum Europarot hat gëscht an engem Rapport kritiséiert, d'Konditiounen zu Schraasseg am Prisong wieren inakzeptabel fir Jugendlecher a Kanner. Eng änlech schlecht Nott krut d'Unité securisé am CSEE zu Dräibuer.

Ee Kritikpunkt war, datt d'Kanner net genuch betreit ginn. Ee Punkt, mat deem den Direkter Ralph Schroeder net averstanen ass. Hien erkläert, datt an de Vakanze systematesch een educativen Aktivitéiteprogramm ugebuede gëtt.

"Do ware mer also net averstanen. Dat zeechent ee Bild vun enger Struktur wou näischt leeft an dat ass elo wierklech net de Fall."

De Comité wier just een Dag bei hinnen an der Struktur gewiescht an hätt net all d'Informatioune gehat. Dass et effektiv eng Zäit kee Programm gouf, hätt mat de Gewaltvirfäll lescht Joer zu Dräibuer ze di gehat.

De strenge Charakter lass ginn

D'Direktioun krut Enn Abrëll eng éischt Versioun vum Rapport. Zanterhier wieren och eng Rei Saache geschitt. Et wier ugestrach a Graffitie mat de Jugendleche gemaach ginn, fir de strenge Charakter lass ze ginn. Et schafft een och un engem edukative Konzept, betount den Direkter.

"Datt déi jonk systematesch gesot kréien, datt d'Elteren informéiert ginn. Oder si musse selwer Saache flécken, déi se futti gemaach hunn. Do si mer net am disziplinareschen, dat ass eng erzéieresch Moossnam."

Eidel Gemeinschaftsraim

Eng weider Kritik: an de Gemeinschaftsraim wär näischt fir sech ze beschäftegen. D'Raim wieren aus Sécherheetsgrënn no Gewalt tëscht de Jugendleche lescht Joer ausgeraumt ginn. No der Visitt wier dat alles rëm zeréckgestallt ginn.

"Kicker, Bibliothéik, Planzen. Sou datt am Fong, géif ech och soen, dee "Charaktere austère" do elo och net méi do ass."

De Rapport fuerdert och, datt keng Kanner méi an de Prisong zu Schraasseg solle kommen. Dat geschitt ëmmer rëm, wann d'Unisec zu Dräibuer keng nei Jugendlecher méi ophuele kann. Den Ament sinn do siwe vun 12 Schlofkummere besat.

Lauschterenplay_arrow