Radioen

On air

Moiesstudio  |  Infoowend Wollef

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joresrapport vun der ALIA: Fundamental Ännerunge bei der Iwwerwaachung vu Walcampagnen

Medienautoritéit

Joresrapport vun der ALIA: Fundamental Ännerunge bei der Iwwerwaachung vu Walcampagnen

D‘ALIA plangt fundamental Ännerunge bei der Iwwerwaachung vun de Walcampagnen an de Medien. D‘Iwwerwaachung misst fir all audiovisuell Medie gëllen. Wal-Accorde missten och méi kritesch evaluéiert ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Bei der Iwwerwaachung vun de Walcampagnen an de Medien envisagéiert déi zoustänneg Lëtzebuerger Autoritéit ALIA an hirem Joresrapport eng Partie fundamental Ännerungen. Ënner anerem géif d‘ALIA et méi transparent fannen, wann déi politesch Parteie kloer géife soen, wéi vill Suen si fir politesch Reklammen ausginn.

Da misst een der ALIA no och eng kritesch Evaluatioun maache vun de Wal-Accorden, déi d‘Parteien ënnert sech ausgemaach hunn, fir e faire Walkampf ze garantéieren. Der ALIA no wier et besser, wa verschidden Dispositiounen aus esou Accorde gesetzlech gereegelt wieren.

D‘ALIA widderhëlt och nach emol: Si misst bei Walcampagne net just, wéi elo, déi ëffentlech-rechtlech, mee all audiovisuell Medie kënnen iwwerwaachen. Besonnesch och déi sozial Reseauen, well déi ëmmer méi vu politesche Parteie fir hir Campagnë genotzt ginn.