Radioen

On air

Kultur um 5  |  Hiss Golden Messenger - Tell Her I'm Just Dancing

play_arrow Live
search

/ Rakéitenugrëff tëschent Pakistan an Iran: China bitt sech als Mediateur un

Pakistan-Iran

Rakéitenugrëff tëschent Pakistan an Iran: China bitt sech als Mediateur un

No de géigesäitege Rakéitenattacken tëscht dem Iran a Pakistan huet China sech elo als Mediateur ugebueden. Béid Säite sollte kënnen d‘Rou behalen an sech zeréckhalen, huet eng Spriecherin vum Ausseministère zu Peking matgedeelt.

auto_stories

1 min

Wann et op béide Säiten e Besoin géif ginn, da wier China bereet, eng konstruktiv Roll bei der Entspanung vun der Situatioun ze spillen. Gëschter hat de Pakistan mat Rakéiten Ziler am Iran ugegraff. Dobäi wieren Extremisten am Viséier gewiescht.

Engem neie Bilan no, koume bei den Attacken néng Persounen ëm d‘Liewen, dorënner dräi Fraen a véier Kanner. En Dënschdeg Owend schonn hat den Iran Ziler am Pakistan mam nämmlechte Virwand ugegraff, do waren zwee Kanner gestuerwen.

Doriwwer eraus hat déi iranesch Revolutiounsgard och Ziler am Irak an a Syrie mat ballistesche Rakéiten ugegraff.